An dësem groussen Débat dräi Wochen virun den Europawalen, kommen alleguer déi 13 Parteien zu Wuert, déi Kandidaten an d’Course schécken. Wéinst der grousser Unzuel u Parteien huet d’Medienautoritéit ALIA décidéiert den Débat an zwee ze splécken. Am éischten Deel vum Débat si Fokus, d’DP, Volt, Zesummen-d’Bréck, d’Oppositiounsbeweegung Mir d’Vollek, Déi Konservativ an d’CSV vertrueden:
Wéi eng Parteien direkt openeen treffen huet d’ALIA per Lous décidéiert. De radio 100,7 hat keen Afloss op Zesummensetzung vun deenen zwou Ronnen.
Am zweeten Deel vum Debat komme Déi Gréng, d’KPL, d’LSAP, d’Piraten, Déi Lénk an d’ADR zu Wuert: