Radioen

On air

Notturno  |  Altin Gün - Güzelligin On Para Etmez

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ 27 EU-Länner 20 aner europäesch Staaten treffen sech zu Granada

Europäesch Politesch Communautéit

27 EU-Länner 20 aner europäesch Staaten treffen sech zu Granada

Zu Granada a Spuenie kommen haut Vertrieder aus 50 Länner zesumme, fir déi drëtt Reunioun vun der neier sougenannter “Europäescher Politescher Communautéit”, zu där nieft de 27 EU-Länner eng 20 aner europäesch Staate gehéieren.

auto_stories

1 min

Am Mëttelpunkt vun de Gespréicher, muer, stinn den Ukrainkrich a seng Suitten. Zu Granada ass haut och den ukrainesche President Wolodymyr Selenskyj dobäi. Hien huet do zu Geschlossenheet géintiwwer Russland opgeruff an och weider Ënnerstëtzung bei der Fluchofwier gefuerdert. Besonnesch fir de Wanter géif ee mat verstäerkte russeschen Attacke rechnen.

Um Bord vun dësem Treffen zu Granada sollten och Vertrieder vun Armenien a vum Aserbaidschan sech gesinn. Aserbaidschan hat dat Treffen awer ofgesot. Den EU-Aussebeoptraachten Josep Borrell sot, dat wier Schued, hie géif hoffen, dass béid Länner awer eng Kéier zu Bréissel matenee géife schwätzen.

Am Virfeld vun der Reunioun zu Granada, huet déi polnesch Regierung haut annoncéiert, dass si e Veto aleet géint déi nei Asylreform vun der EU. Hie géif net agesinn, firwat säi Land sech misst vu Bréissel a Berlin soe loossen, wat et muss maachen, sou de polnesche Regierungschef Mateusz Morawiecki.