Radioen

On air

Notturno  |  Youth Lagoon - Idaho Alien

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ 47% vu Befroten zu Lëtzebuerg ginn un, rassistesch diskriminéiert ginn ze sinn

Schwaarz sinn an der Eu

47% vu Befroten zu Lëtzebuerg ginn un, rassistesch diskriminéiert ginn ze sinn

Mënsche mat afrikaneschen Originne sinn an der EU ëmmer méi Rassismus ausgeliwwert. Dat geet aus der drëtter Editioun vum  Rapport “Being Black in the EU” deen d’ EU-Agence fir d’Grondrechter dës Woch publizéiert huet.

auto_stories

3 min

headphones

2 min

play_arrow
Foto: European Union

Leit, déi gebierteg aus Subsahara-Afrika sinn oder mindestens een Elterendeel hunn, wat aus der Géigend kënnt, an elo an engem EU Land liewen, sinn zu hiren Erfarunge mat rassisteschen Diskriminatioune befrot ginn. 45% vun de Befroten hunn uginn, an de leschte fënnef Joer Opfer vu Rassismus gewiescht ze sinn. Am Verglach: 2018 waren et 39%. Am Ganzen si Leit aus 13 EU-Memberlänner befrot ginn, dorënner och Lëtzebuerg.

Opwenneg juristesch Prozeduren

Zu Lëtzebuerg gi 47% vun de Befroten un, an de leschte fënnef Joer rassistesch diskriminéiert ginn ze sinn, mee 1 vun 9 vun hinnen huet dat och bei der Police gemellt. Fir de Patrick Hurst, Directer vum Centre de l’égalité de Traitement, kéint et doru leien, datt juristesch Prozeduren opwenneg sinn, an och oft mat Käschte verbonne sinn. An, eng Plainte wier leider oft just symbolesch.

“D’Victime huet am Fong d’Gefill, datt dat jo näischt bréngt. Eng Plainte ze maachen, déi da sans suite klasséiert gëtt, oder vum Parquet net weider gefouert gëtt, bréngt um Enn näischt." 

Dofir géif de CET scho méi laang fuerdere fir mat den Affer vu Rassismus, déi sech bei hinne mellen, kënne mat op d’Geriicht ze goen.

Rassismus sinn net just direkt Beleidegungen

Dat géif och d’Sandrine Gashonga, d’Presidentin vu Lëtz Rise up, begréissen. Rassismus géif sech virun allem an der Educatioun, am Logement an op der Aarbecht bemierkbar maachen, betount si.

“On a aussi des personnes qui font des entretiens d’embauche et qui n’arrivent jamais d’aller jusqu’au bout sans qu’il y ait de raison donnée. Une solution serait de contraindre les employeurs à toujours justifier de façon objective la raison pour laquelle ils n’ont pas pris une personne.”

Rassismus wier nämlech net just déi direkt Beleidegung, mee kéint och vill méi subtil an doduerch schwéier ze beweise sinn.

Fokus op Interkulturalitéit an de Schoulen

Fir d’Antonia Ganeto, Mënscherechtsaktivistin zu Lëtzebuerg, kéint d’Hausse vun den Diskriminatiounen op europäeschem Niveau och domat ze dinn hunn, datt de Phänomen méi visibel gemaach gëtt, an d’Leit méi sensibiliséiert sinn. Fir dem Problem allgemeng entgéint ze wierke misst ee virun allem an der schoulescher Bildung méi de Fokus op Interkulturalitéit leeën, esou nach d’Antonia Ganeto.

D’Diskriminatioun ass an Däitschland am schlëmmsten – do hu 76% vun de Befroten uginn, an de leschte fënnef Joer mat rassistescher Diskriminéierung konfrontéiert gewiescht ze sinn.

Lauschterenplay_arrow

Aktualitéit
Europa
Europa