Radioen

On air

Spektrum  |  White Denim - It Might Get Dark

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Course tëschent populistescher a liberaler Partei

Walen an der Slowakei

Course tëschent populistescher a liberaler Partei

An der Slowakei sinn haut Parlamentswalen. 4,4 Millioune Leit kënne matmaachen.

auto_stories

1 min

Foto: picture alliance / Zoonar | Aleksey Butenkov

Ëmfroen am Virfeld soen e Kapp u Kapp Renne viraus tëschent der populistescher Partei vum fréieren prorussesche Regierungschef, Robert Fico an der liberaler Partei vum EU-Vizeparlaments-President, Michael Simecka. 

E grousst Thema am Walkampf war déi politesch a militäresch Hëllef, déi d‘Slowakei der Ukrain bis elo ginn huet. Allerdéngs ass déi Hëllef an der Populatioun ëmstridden. Sollt d‘Partei vum Robert Fico zréck un d‘Muecht kommen, sollen d‘Waffeliwwerunge gestoppt ginn, hu si schonn annoncéiert.