Radioen

On air

Notturno  |  Altin Gün - Güzelligin On Para Etmez

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Jean Asselborn: Keng Aussicht op eng diplomatesch Léisung

Krich an der Ukrain

Jean Asselborn: Keng Aussicht op eng diplomatesch Léisung

De Jean Asselborn ass perséinlech der Meenung, datt déi europäesch Sozialisten net méi sollte mat de slowakesche Sozialisten zesumme schaffen. Et dierft een als Europäesch Sozialisten näischt mat enger Partei ze dinn hunn, déi näischt wéilt géint de Vladimir Putin ënnerhuelen.

auto_stories

2 min

De Jean Asselborn mam Dmytro Kuleba a Josep Borrell zu Kiew (Foto: MAEE) | © MAEE
De Jean Asselborn mam Dmytro Kuleba a Josep Borrell zu Kiew (Foto: MAEE)

Et géif ronderëm de russesche Krich an der Ukrain nach ëmmer keng Aussiicht op eng diplomatesch Léisung ginn, erkläert de Jean Asselborn. Hie selwer kéint net méi optimistesch sinn.

"D’Nouvelle si jo och net terribel gutt, wann ee bedenkt wat elo an Amerika an de leschten Deeg geschitt ass. Datt d’Republikaner déi Hëllefen déi eigentlech virgesi ware fir d’Ukrain, blockéiert hunn. Bon 45 Deeg si se lo blockéiert. Vläicht duerno fënnt ee rëm eng aner Léisung."

Den Ausseminister bedauert och, datt an der Slowakei ee Politiker gewielt gouf, deen all Hëllef un d’Ukrain a géint de Putin, wéilt astellen.

Eng zäitopwänneg Géigenoffensiv

Net just d’Situatioun hei an der EU mécht dem Ausseminister Suergen, d’Konter-Offensiv an der Ukrain, déi am Juni dëst Joer ugaangen ass, géif net esou klappe wéi ee sech dat erhofft hätt, seet de Jean Asselborn.

"Terrain gëtt gewonnen op Meteren an net op Kilometeren. Elo schonn eng Ausso ze maachen, dass déi Offensiv net wäert geléngen, déi ass falsch. Wat een awer muss dierfe soen ass, dass et eng Offensiv ass, déi immens zäitopwänneg ass, selbstverständlech. An och leider vill Mënscheliewe kascht.”

Schätzungsweis 277.000 Mënsche wiere bis ewell souwuel op ukrainescher wéi och op russescher Säit ëm d’Liewe komm, seet de Jean Asselborn. Confirméiert sinn déi Zuelen net.