Radioen

On air

Mat Groove a Séil  |  Mat Groove a Séil

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ A Frankräich gi 7.000 Zaldote mobiliséiert

No Attentat

A Frankräich gi 7.000 Zaldote mobiliséiert

Am Frankräich gouf de Sécherheetsdispositif erhéicht, dat no engem islamisteschen Attentat, bei deem gëschter zu Arras e Proff an enger Schoul ëmbruecht gouf, dräi weider Persoune goufe blesséiert.

auto_stories

1 min

Et gi 7.000 Zaldoten bis e Méindeg mobiliséiert, fir ënner anerem Geschäftszenteren ze securiséieren, huet de franséischen Inneminister Gerald Darmanin gëschter annoncéiert.

Dat Attentat op de Proff gëschter war zimmlech genee dräi Joer, nodeem de Samuel Paty, e Geschichtsproff de 16. Oktober 2020 decapéiert gouf.