Radioen

On air

Spektrum  |  Pearl & The Oysters - Side Quest

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Majoritéit vun EU-Länner eenege sech an ëmstriddener Asylreform

Asylreform

Majoritéit vun EU-Länner eenege sech an ëmstriddener Asylreform

Kuerz virum informellen EU-Sommet muer a Spuenien, hu gëschter d’Majoritéit vun den EU-Länner en Accord iwwert eng gemeinsam Positioun zu engem Kärstéck vun der ëmstriddener europäescher Asylreform fonnt.

auto_stories

1 min

Plenarsall Europaparlament | © Foto: picture alliance | Daniel Kalker
Foto: picture alliance | Daniel Kalker

Et geet dobäi ëm de Krise-Mechanismus, deen ee Land dann declenchéiere kann, wa besonnesch vill Migranten ukommen. Däitschland hat humanitär Bedenken, aner Länner wollten d’Reegelen op de Baussegrenze weider verschäerfen.

Iwwert de Kompromëss, deen um Dësch läit, gëtt elo mam Europaparlament verhandelt. Lëtzebuerg hat gëschter dofir gestëmmt. Et wier wichteg, datt et an der EU zu engem Accord iwwert d’Reform vum Asylsystem kënnt, hat den Aussminister Jean Asselborn eis déi lescht Woch gesot. Lëtzebuerg huet zesumme mat Däitschland, Portugal an Irland an enger Deklaratioun drun erënnert, datt de Schutz vu Mannerjärege bei Asylprozeduren op de Grenze misst garantéiert sinn.

D’Migratioun wäert och ee vun den Haaptsujeten um EU-Sommet zu Granada sinn. Haut scho sinn op där Platz Vertrieder aus bal 50 Länner zesumme kommen, fir déi drëtt Reunioun vun der sou genannter "Europäescher Politescher Communautéit", zu där niewent de 27 EU-Länner eng 20 aner europäesch Staate gehéieren. Mat am Mëttelpunkt vun de Gespréicher dierft den Ukrainkrich a seng Suitten.