Radioen

On air

Mat Groove a Séil  |  Mat Groove a Séil

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Ukrain: Bäitrëttsverhandlungen nächst Woch, weider schwéier Attacken zu Donetsk

Ukrain

Ukrain: Bäitrëttsverhandlungen nächst Woch, weider schwéier Attacken zu Donetsk

D’Ukrain wier ee weider Schrëtt a Richtung EU virukomm, dat sot den Ukrainesche President Wolodymyr Selenskyj. De Verhandlungskader fir d’Ukrain wier akzeptéiert ginn, sot hien an engem Video-Message. Et wier schonn eng Verhandlungsdelegatioun forméiert ginn.

auto_stories

1 min

Hien huet och der Republik Moldau felicitéiert well fir d’Nopeschland och nächst Woch Bäitrëttsverhandlungen ufänke.

Op der Front wier d’Situatioun allerdéngs schwiereg. Et wier den der Ukrain gelongen d’Situatioun ëm Kharkiv ze stabiliséieren, nodeems Russland do eng Offensiv lancéiert haten. Mee an der Regioun Donetzk ginn et Dosenden Attacken.

Russland huet eng nei tonneschwéier Bomm am Krich géint d’Ukrain agesat. Een Donneschdeg wier domadder ee Spidol zu Lypzi bombardéiert ginn. Een Dag drop gouf ee Schoulgebai an där Stad viséiert.

Déi super-schwéier Bomme géife vu Russland aus gestart. Aus deem Grond huet d’Ukrain gefrot fir d’Waffen déi se kréien och kënnen op russeschem Buedem ze notzen.

Holland huet iwwregens d’Liwwerung vun engem weidere Loft-Ofwier-System vum Typ Patriot annoncéiert