Radioen

On air

Spektrum  |  Zach Bryan - Sandpaper Feat. Bruce Springsteen

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Uebstbauveräi stellt konkret Fuerderungen

Landwirtschaft

Uebstbauveräi stellt konkret Fuerderungen

De Secteur vum Uebst- a Geméisubau soll wieder ausgebaut ginn. Do si sech den zoustännege Ministère an den Uebstbauveräin eens, dee kloer Fuerderungen a Richtung Martine Hansen stellt.

auto_stories

3 min

headphones

3 min

play_arrow
Foto: Bigstock

Zu Lëtzebuerg ginn et ganz wéineg Betriber, déi nëmmen am Geméis- oder Uebstbau aktiv sinn. Dacks hunn d’Baueren nieft dem Geméis an dem Uebst virun Allem een Haff, op deem Béischte gehale ginn, fir d’Mëllech oder fir d’Fleesch, betount de Jean-Claude Muller, President vum Uebstbauveräin, deen 200 Memberen zielt. De Veräin, mee och d’Regierung, wëllen de Secteur dofir weider ausbauen.

De ganze Secteur muss sech awer un de Klimawiessel upassen, an doriwwer ass op der Generalversammlung vum Uebstbauveräi vill diskutéiert ginn. D’Waassergestioun, ass do eng Prioritéit.

Méi Zären zu Lëtzebuerg

Nom "Waasserdësch" vu virun 3 Joer goufen 3 Pilotprojeten erausgesicht. D'lescht Woch huet d’Agrarministerin Martine Hansen mam Ëmweltminister an dem Premier den Haff Fischbach zu Äischer besicht. Do geet et drëm, fir Waasser aus der Klierf ze zapen, wann et vill reent, an et ze stockéiere fir et wärend den dréchene Perioden anzesetzen.

Fir dee Pilotprojet géifen elo dës Woch nei Elementer kommen, dëst no enger Reunioun mam Waasserwirtschaftsamt. Wéi et mat den zwee aner Pilotprojete steet huet d’Agrarministerin Martine Hansen um Bord vun der Generalversammlung vum Uebstbauveräin erkläert.

"Zu Conter si mir nach ëmmer um Niveau vun den Etüden an ech hätt gären, datt mir do méi séier virukommen. An do wäerte mir elo déi nächst Woch eng Reunioun hu mam Ëmweltministère a mat deene Leit, déi concernéiert sinn. An da war nach ee Pilotprojet op der Musel, wou soll d’Waasser op der Kläranlag geholl ginn, wou eng separat Kläranlag fir eng weider Stuf do war, an déi Anlag ass awer elo ofgebaut ginn an ass zeréck bei de Proprietär. Dat heescht, dat funktionéiert am Moment net méi."

A punkto Waasser wier et wichteg, fir méi Zäre kënnen anzesetzen, betount d’Martine Hansen.

"Vill Geméis dat bei eis dobausse steet, da brauch et éischtens méi Waasser ewéi an den Zären an de Krankheetsdrock ass méi héich ewéi dobannen. Mir sinn net onbedéngt konkurrenzfäeg an da wann et vill reent oder wa Knëppelsteng falen, dann hu mir net vill Recolte."

Theema Versécherungen

E wieder Sujet fir den Uebst- a Geméisbau sinn d’Versécherungen, déi fir verschidden Zorten Uebst méiglech sinn, fir Steenuebst awer net. Deen Ament kann de Produzent eng Indemnitéit vum Agrarfong kréien. Do huet een als Uebstbauveräi konkret Fuerderungen, esou de Jean-Claude Muller, President vum Uebstbauveräin.

"Dat ass esou eng Noutléisung an dat wëlle mir am Fong och net. Mee op där anerer Säit ass och d‘Versécherung ganz retizent fir dat ze maachen. Ech muss och soen, dat gëtt et am Ausland quasi néierens, datt Steenuebst verséchert gëtt. Mir fuerderen dat nach ëmmer, mir sinn do nach ëmmer hannendrun."

Dat wier awer elo weder ee Problem vun der Verwaltung oder vun der Regierung, mee d‘Versécherungsgesellschaft selwer wier gefuerdert, esou de Jean-Claude Muller.

Eng ganz Diskussioun am Secteur bleiwen awer och Planzeschutzmëttel, déi virun allem an Zäite vu grousser Fiichtegkeet missten erlaabt ginn, esou eng weider Fuerderung.

Lauschterenplay_arrow

Aktualitéit
Landwirtschaft
Politik