Radioen

On air

Notturno  |  Mount Stealth - Arkmauser

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Lëtzebuerger Vuen op déi europäesch Agrarpolitik

Table ronde am Video

Lëtzebuerger Vuen op déi europäesch Agrarpolitik

D'Biller vun de Baueren, déi mat hiren Traktere Stroossen an Autobunne blockéiert hunn, dierfte wuel nach a ville Käpp dra sinn. Déi europäesch Agrarpolitik stoung dowéinst an de leschte Méint dacks am Vierdergrond. Wéi stinn dann déi Lëtzebuerger Europakandidaten zu deem Theema? De Maurice Molitor hat 4 Vertrieder bei sech am Studio.

auto_stories

1 min

headphones

27 min

play_arrow
V. l. n. r.: Christophe Hansen, Fabricio Costa, Alexandra Schoos, Charles Goerens. (Fotoen: Jo Diseviscourt)

D'Landwirtschaftspolitik ass eng wichteg europäesch Kompetenz, a si verschléngt och ëmmer nach en décken Deel vum EU-Budget. Dofir ass et interessant ze wëssen, wéi eng ënnerschiddlech Positiounen d’Parteien an deem Dossier vertrieden.

D’Kandidate vu 4 Parteie souzen dowéinst fir eng Diskussiounsronn am Studio 8 vum radio 100,7. Et waren dat de Charles Goerens vun der DP, d’Alexandra Schoos vun der ADR, de Christophe Hansen vun der CSV an de Fabricio Costa vun déi gréng.

Lauschterenplay_arrow