Radioen

On air

Notturno  |  Arctic Monkeys - Batphone

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Christian Wester: "Mir brauche méi Pragmatismus“

Landwirtschaft

Christian Wester: "Mir brauche méi Pragmatismus“

De Christian Wester vun der Bauerenzentral ass enttäuscht iwwert déi nei Regierung. D’Verbesserunge vum Bauer senger Situatioun géifen nëmme lues weider goen, seet de President vun der Beruffsorganisatioun vun der Lëtzebuerger Landwirtschaft.

auto_stories

2 min

headphones

3 min

play_arrow
Foto: Archiv

Sauer opstousse mécht dem Christian Wester ënner anerem de rezente Vott iwwert d’Naturwiederhierstellungsgesetz op europäeschem Niveau. „Dat war elo nach net geplangt“, esou de Christian Wester. Si wieren dovunner ausgaangen, datt deen Dossier eréischt mat der neier EU-Kommissioun aktuell géif ginn. De Lëtzebuerger Ëmweltminister Serge Wilmes wier do e bësse virgeprescht, seet de Christian Wester.

“Et ass mühseeleg”

Och um Punkt vum Bauen an der Gréngzone hat ee sech mei Pragmatismus erwaart. D’Fortschrëtter, déi gemaach ginn, ginn nëmme lues, konstatéiert de Christian Wester: "Et ass mühseeleg.“

Hie weist mam Fanger op verschidde Beamten am Ëmweltministère. Dat wieren deels déi selwecht, wéi ënnert der leschter Ministesch. Si sollten elo emol iwwert hire Schied sprangen, fuerdert de President vun der Bauerenzentral. De Minister Wilmes misst do eng nei Marschroute einfach duerchsetzen.

"Den ökologesche Volet huet bei eis ëmmer nach en héije Stellewäert, d’Landwirtschaft ass do ënnergeuerdent“, seet de Christian Wester. Hie mengt och net, datt déi aktuell Landwirtschaftsministesch Martine Hansen staark ënner Zwang ass, mat de Reegelen, déi vun der EU festgesat ginn.

"Déi Reegele kann een e bëssen hin an hier zeien", seet de Christian Wester. Do bräicht et einfach e bësse Pragmatismus.

Lauschterenplay_arrow

Aktualitéit
Landwirtschaft
Politik