D’Ännerunge sollen de Bauere méi Flexibilitéit ginn. Ënner anerem bei Reegelen, déi d’Broochen an d’Fruchtfolleg betreffen. Konkret gëtt bei véier Ëmweltmesuren ugesat: Keng Kontrolle bei ganz klénge Betriber, méi Flexibilitéit bei de Reegelen, déi eng Buedembedeckung oder d’Fruchtfolleg virschreiwen. An aus der Obligatioun, véier Prozent vu senge Fläche brooch leie loossen, soll eng fräiwëlleg Mesure ginn
Dat ass gutt esou, seet d’Martine Hansen, Lëtzebuerger Ministerin fir d’Landwirtschaft, am 100,7-Interview. Si huet Wëlles, de Baueren Ureizer ze bidden, fir dat si nawell Land brooch leie loossen.
“Einfach engem Secteur soen, produzéiert 4 Prozent manner, an dir kritt näischt dofir, maacht dat einfach esou fir d’Allgemengheet, dat fannen ech schwiereg. Ech ginn awer dovun aus, datt wa mir ee positiven Ureiz bidden, mir dann och Bauere fannen, déi dat da maachen, an déi da vun eis ënnerstëtzt gi fir hir Leeschtung, déi si fir d’Gesellschaft bréngen.”
Nach net kloer, wéini d’Mesuren zu Lëtzebuerg ëmgesat ginn
Lëtzebuerg géif och vun deenen anere Mesure Gebrauch ze maachen, sou d’Martine Hansen.
"Mir mussen dat elo analyséieren an dann a Rou iwwerleeën, wéi mir et ëmsetzen. Et ass wichteg, déi Punkte mat der Landwirtschaftskammer ze diskutéieren, well si dat jo och mussen ëmsetzen. Dat wëlle mir dann och elo kuerzfristeg maachen, soubal wéi déi nei Kammer sech zesummegesat huet."
Dono soll den nationale Strategieplang fir d’Landwirtschaft ugepasst ginn, sou d’Martine Hansen.
Wéi séier de Pak vu Mesurë kann ëmgesat ginn, misst nach gekuckt ginn, sou d’CSV-Politikerin. Et wier "theoretesch" méiglech, datt d’Mesuren dëst Joer nach a Kraaft trieden.