Radioen

On air

Notturno  |  Conor Oberst - Cape Canaveral

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Bauereprotester zu Bréissel: Grouss Baueresyndikater maachen net mat

Kuerz virun den Europawalen

Bauereprotester zu Bréissel: Grouss Baueresyndikater maachen net mat

Zu Bréissel sinn haut rëm Bauere mat hiren Trakteren op der Strooss. Dës Kéier hunn awer déi etabléiert Baueresyndikater aus Däitschland, Spuenien oder Frankräich, genee ewéi déi grouss europäesch Verbänn vu vira gesot, datt si dës Manifestatioun - no de Konzessiounen, déi d’EU gemaach huet - net géifen ënnerstëtzen.

auto_stories

1 min

headphones

51 min

Bauereprotest Symbolbild | © picture alliance / Eibner-Pressefoto | Socher/ Eibner-Pressefoto play_arrow
Foto: picture alliance / Eibner-Pressefoto | Socher/ Eibner-Pressefoto

D’Manifestante wëlle kuerz virun den Europawale virun allem géint Ëmweltmesuren an de Green Deal fir de Klimaschutz protestéieren.

Si hu sech de Mëtteg Rendez -vous virum Atomium ginn an hu Wëlles, bis an den EU-Quartier ze fueren. Onkloer ass, wéi vill Traktere wäerten zesummekommen. D’Organisateuren hu vu ronn 2.000 Gefierer geschwat. Belsche Medien no hunn de Moien eng 800 hollännesch Trakteuren d’Grenz passéiert.

Opgeruff fir ze manifestéieren huet déi hollännesch Organisatioun “Farmers Defense Force”, déi ënner anerem vum ungaresche Premier Viktor Orbán ënnerstëtzt gëtt.

Mat derbäi sinn och Baueren aus aneren europäesche Länner, ewéi zum Beispill aus Polen. Eise Korrespondent zu Warschau, den Adrien Sarlat, huet mat e puer polnesche Bauere geschwat, ier si sech op de Wee fir op Bréissel gemaach hunn.

Lauschterenplay_arrow