Zu Bréissel beroden d’Staats- a Regierungscheffen aus der EU ënner anerem doriwwer, wéi d’EU op de Revirement vun den USA an der Ukrain-Politik reagéiere soll.
Selenskyj seet der EU merci
Mat dobäi op deem Spezial-Sommet ass och den ukrainesche President, deen an déi belsch Haaptstad gereest ass. De Wolodymyr Selenskyj huet als éischt Merci gesot, fir “dat staarkt Signal” dat vun der EU ausgeet.
“Mir si net eleng. An dat si net just Wierder. Mir spieren dat. Dat ass wichteg. Dir hutt ee staarkt Signal un d’Leit an d’Zaldoten an hir Familljen an der Ukrain geschéckt.”
D’Kommissiounscheffin Ursula von der Leyen huet vun engem “decisive Moment fir Europa” geschwat.
“Europa steet enger klorer an aktueller Gefor géintiwwer, dofir muss Europa capabel sinn, sech selwer ze protegéieren an ze verdeedegen. Genee wéi mir d’Ukrain an d’Lag versetze mussen, sech selwer ze protegéieren.”
Lëtzebuerg ënnerstëtzt EU-Pak fir d’Verdeedegung
Zu Diskussioun steet op deem Spezial-Sommet ënner anerem ee Pak vu Mesuren, deen dozou bäidroe soll, datt d’Länner hir Depensë fir d’Verdeedegung erhéije kënnen.
Dozou gehéiert een Europäesche Fong vun 150 Milliarden Euro, aus deem sech d’Länner Sue léine kéinten, zum Beispill fir zesumme Waffe kënnen ze kafen.
D’Kommissioun proposéiert och d’Scholdereegelen, déi den EU-Länner imposéiert ginn, méi labber ze maachen, fir datt si hir national Defense-Budgeten eropsetze kënnen.
“Déi Piste ginn an déi richteg Richtung”, sot de Premier Luc Frieden virun der Reunioun. Lëtzebuerg géif déi “an hire groussen Zich ënnerstëtzen”.
Luc Frieden: alles maachen, fir gutt Relatioun mat den USA ze behalen
Der Kommissiounscheffin Ursula von der Leyen no kéinten duerch déi proposéiert Mesuren am Ganze bannent de nächste véier Joer 800 Milliarden Euro, méi ewéi bis elo, an d’Verdeedegung gestach ginn.
Dee gréissten Deel géif awer vun de nationale Budgete gedroe ginn. Nei EU-Suen si bis elo net virgesinn. Dat war eppes, wat vu verschiddenen EU-Länner gefuerdert gi war. De Luc Frieden awer kritiséiert de Volume vum proposéierte Pak net.
“Ech fannen déi Zommen, vun deene mir hei schwätze, si scho ganz considerabel.”
De Premier wollt sech net drop festleeë, wéi eng Mesurë speziell fir Lëtzebuerg interessant kéinte sinn. Et wier wichteg, datt d’Länner zesummen dat ënnerstëtzen, wat d’Kommissioun proposéiert.
D’Kéier vun den USA an der Ukrain-Politik schéngt d’EU bis elo net zu enger anerer Approche par Rapport zu den USA ze beweegen. Et misst ee fäerdeg bréngen “an all deenen Dimensiounen eng gutt transatlantesch Relatioun ze halen”, sou de Premier Luc Frieden.
“Mir musse méi staark ginn an Europa. Mee mir sollen alles maachen, fir datt mir déi Relatioun och hale mat Amerika an der NATO an och doriwwer eraus.”
Ouni Ungarn virufueren
De Lëtzebuerger Premier, sot hie wier frou, datt de Wolodymyr Selenskyj physesch present ass. Esou kéinten déi 27 EU-Staat- a Regierungscheffen him gemeinsam soen, datt si op der Säit vun der Ukrain stinn.
Ee Land, Ungarn, hat am Virfeld annoncéiert, et géif ee keng Decisioun fir eng weider Ënnerstëtzung vun der Ukrain mat droen. Dowéinst ass et bis elo net sécher, datt déi 27 EU-Staats- a Regierungscheffen um Enn vun hirer Reunioun zesumme schrëftlech Conclusioune festhale wäerten.
Op mannst 25 EU-Länner géife geschlossen optrieden, sot dozou de Luc Frieden.
"A wann ee stoppt an esou enger kruzialer Fro oder zwee, da muss een déi einfach stoe loossen, da mussen déi aner virufueren."
D'EU misst no Weeër sichen d'Decisiounen anescht ze huelen, soss géif d'Geschicht si bestrofen an et misst een en héije Präis dofir bezuelen, sot de litauesche President Gitanas Nausėda.