Radioen

On air

Notturno  |  Amor Muere - Love Dies

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ 26 géint 1: Ungarn blockéiert Ukrain-Hëllef

Wéi een Ëmgang mat Ungarn?

26 géint 1: Ungarn blockéiert Ukrain-Hëllef

Militäresch Hëllef aus der EU an der Héicht vun iwwer sechs Milliarden Euro ass blockéiert, well ee Land Nee seet. Ungarn blockéiert, an déi aner 26 hunn nach kee Moyen fonnt, de Problem ze léisen.

auto_stories

3 min

headphones

3 min

Viktor Orban | © picture alliance / NurPhoto | Nicolas Economou play_arrow
Foto: picture alliance / NurPhoto | Nicolas Economou

Siwe verschidden EU-Gesetzer, bei deenen et zesummen ëm iwwer sechs Milliarden Euro geet, stiechen den Ament fest, sou den EU-Baussebeoptragte Josep Borrell, well et kee Konsens op EU-Niveau gëtt.

Dat wier keng theoretesch Diskussioun, vun deenen EU-Fonge géife Mënscheliewen ofhänken, sou de Spuenier um Bord vun der Reunioun vun den EU-Verdeedegungsministeren en Dënschdeg zu Bréissel.

Josep Borrell: Proportioune musse stëmmen

D’Roserei doriwwer wiisst - och ënnert de Memberlänner.

„41 Prozent vun EU-Decisiounen iwwert d’Ukrain goufe vun engem eenzege Land blockéiert, nämlech vun Ungarn.“, reegt sech den litaueschen Ausseminister Gabrielis Landsbergis op.

“Mir mussen eis bewosst ginn, datt et sech hei em eng systematesch Approche handelt, par rapport zu all Versich vun der EU, eng bedeitend Roll an der Aussepolitik ze spillen.”

Ungarn hätt Bedenke wat den Ëmgank mat ungareschen Entreprisen oder der ungarescher Minoritéit an der Ukrain ugeet. Dat hätt net wierklech eppes mat Defense ze dinn, erkläert de Josep Borrell.

"Mir maachen eist Bescht fir dee Problem ze léisen, ma en huet näischt mat der Defense ze dinn. Et geet drëm, datt Ungarn seng national Interête verdeedegt, si hunn ee Recht drop, dat mécht jiddereen. Ma dat sollt am Verhältnis stoen zu de Konsequenze vun den Decisiounen, déi blockéiert ginn."

Yuriko Backes: „Weider mat Ungarn schwätzen“

Dee Blockage ass regrettabel, si géif e condamnéieren, dat ass d’Reaktioun vun der Lëtzebuerger Verdeedegungsministerin Yuriko Backes. Et misst ee weider den Dialog mat Ungarn sichen.

„Ech menge mir misste weider mat hinne schwätzen a vläicht komme se iergendeng Kéier zur Raison. Well, ween dorënner leit, dat sinn d'Ukrainer, d'Fraen, Männer, d'Kanner an der Ukrain, well se déi Hëllef, déi mer hinne wëlle ginn, net kréien, wéinst dem Blockage vun engem Land.“

Méiglecherweis mussen EU-Staats- a Regierungscheffen tranchéieren

Wat keen een do maachen? Sou d’Fro gëscht un d‘Verdeedegungsministeren aus anere Länner. Och un den Alexander de Croo, de belsche Premier, dee keen aneren ewéi den ukrainesche President Wolodymyr Selenskyj zu Bréissel op Besuch hat.

Och hien hat trotz sengem prominenten Noper keng richteg Iddi, wéi een Debloquage kéint erreecht ginn.

„Et ass wouer, datt eng Decisioun sou séier wéi méiglech muss getraff ginn. All Dag, op deem mer keng weider Waffe kënne schécken, stierwen onschëlleg Leit. Mir hoffen, mir kënnen eis do eens ginn, mir hunn et bis elo ëmmer fäerdeg bruecht. Dat ass eist Zil.“

Een Zil wat nach net erreecht ass - a wat um Enn kéint als Chefsaach um nächsten EU-Sommet op den Dësch kommen. Vläicht ginn déi aner 26 da gewuer, wat Ungarn wierklech als Géigeleeschtung erwaart. Et sinn nach ëmmer EU-Sue blockéiert an et wier net déi éischte Kéier, datt déi Zort Chantage Succès hätt.

Lauschterenplay_arrow

Aktualitéit
Europa
Europawalen
International
Krich an der Ukrain
Politik