Radioen

On air

Thé Dansant  |  The Doobie Brothers - Listen To The Music

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Landwirtschaftskammer: Neie President bréngt Fusioun vun de Bauereverbänn an d’Spill

Landwirtschaft

Landwirtschaftskammer: Neie President bréngt Fusioun vun de Bauereverbänn an d’Spill

Den neie President vun der Landwirtschaftskammer, de Christian Hahn, géif eng Fusioun vun de Lëtzebuerger Bauereverbänn begréissen. Déi dräi Verbänn géinge souwisou ëmmer méi no beieneeréckelen, esou de Christian Hahn am 100,7-Interview.

auto_stories

1 min

headphones

16 min

Christian Hahn | © Jo Diseviscourt play_arrow
Den neie President vun der Landwirtschaftskammer, de Christian Hahn. (Foto: Jo Diseviscourt)

Et wier wichteg, datt d’Baueren no bausse mat enger gemeinsamer Stëmm schwätzen, esou de Christian Hahn. 

"An ech wëll als President vun der Landwirtschaftskammer ganz kloer dohinner weider schaffen, datt de ganze Secteur no beieneebléift. An ech wäert all Wee, den an déi do Richtung geet, ënnerstëtzen.”

Hie kéint sech dofir och eng Fusioun tëscht der Bauerenzentral, der Bauerenallianz an dem Fräie Lëtzebuerger Bauer virstellen, seet de Christian Hahn. 

Méi Afloss elo als President?

Fir hien ass et kloer, datt déi dräi Bauereverbänn och an der Vergangenheet schonn zesummegeschafft hunn a souwisou ëmmer méi no beienee géinge réckelen. Eng Fusioun, sou mengt Christian Hahn, wier fir d'Landwirtschaft "warscheinlech mol net sou schlecht".

Weiderdrécken” kéint hien déi Entwécklung als President vun der Landwirtschaftskammer awer net.

Lauschterenplay_arrow

Aktualitéit
Landwirtschaft
Politik
Politik a Gesellschaft