Radioen

On air

Notturno  |  SpudBencer - A4, 2021.08.27 (Travelling To Berlin)

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Chambre des salariés: Budgetsprojet 2025 am soziale Beräich mat Loft no uewen

Lutte géint d'Aarmut

Chambre des salariés: Budgetsprojet 2025 am soziale Beräich mat Loft no uewen

Der Chambre des salariés ass de Budgetsprojet 2025 besonnesch am soziale Beräich net ambitionéiert genuch. An hirem Avis, deen um Mëttwochmoie virun der Press virgestallt gouf, gesäit d’CSL eng positiv Finanzsituatioun, déi et géing erlaben, méi effikass géint d‘Aarmut virzegoen.

auto_stories

2 min

headphones

2 min

play_arrow
Foto: Archiv

D’Regierung géif trotz der relativ gudder Finanzlag an de Beräicher Logement, Soziales an och Ëmwelt éischter bremsen amplaz méi Geld do dran z’investéieren, sou d’Präsidentin vun der Salariatskammer Nora Back.

"Mir hu souguer eng Tendenz no ënne wat d'Depensen ubelaangt, par rapport zum PIB, souguer a ganz kruzialen Domainer."

Generell wier et ze bedaueren dat d’Recetten an de Pronosticke reegelméisseg ënnerschat géife ginn an domadder eng negativ Situatioun géif erbäigeschwat ginn déi awer reell net géif existéieren.

Entlaaschtungspak ass éischter eng Korrektur, wéi eng Entlaaschtung

D’Mesuren aus dem Entlaaschtungspak, wéi d‘Upasse vum Barème a vun de credits d’impots gi wuel begréisst. Si sinn awer keng wierklech Entlaaschtung a just eng Korrektur vun dem wat ze vill bezuelt gouf. Ze fäerte wier donieft den Impakt vum deelweisen Ophiewe vum Stroumpräisdeckel d’nächst Joer, mengt den CSL Direkter Sylvain Hoffmann:

"Fir en Duerchschnëttsmenage mat zwee Kanner, kann awer d'Energierechnung dann ëm 600 Euro eropgoen, wann ee mat Gas heizt an eeben och mat dem elektresche Konsum. D'Leit mat enger Wäermepompel souguer 1.000 Euro méi Energiekäschten d'nächst Joer, dann ass déi Entlaaschtung, déi jo soll kommen d'nächst Joer séier fort."

Betriber entlaascht, op Käschte vun de Menagen

Weider Kritikpunkte sinn d’Steieravantage fir Topverdénger:innen, wärend zum Beispill däitsch Grenzgänger:inne bei den Iwwerstonne géife fiskal bestrooft ginn. Generell géif zënter Joren eng Tendenz bestoe fir Betriber steierlech z’entlaaschten, dat op Käschte vun de Menagen.

Ze bedauere wier och dass trotz der Wunnengskris déi zukünfteg Investissementer an abordabele Wunnraum mëttelfristeg erof ginn, sou nach den CSL-Direkter.

Lauschterenplay_arrow