Radioen

On air

Kultur um 5  |  Musek aus der "schéiner Zäit"

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Consultatiounsphas vun der Pensiounsreform: Iwwer 2.000 Contributioune goufen analyséiert

Projet "Schwätz mat!“

Consultatiounsphas vun der Pensiounsreform: Iwwer 2.000 Contributioune goufen analyséiert

D‘Analys vun der éischter Consultatiounsphas am Kader vun der Pensiounsreform ass ofgeschloss. De Gesondheets- a Sozialministère huet haut um Freideg d‘Resultater vun dëser Analys publizéiert, déi op iwwer 2.000 Bäiträg vu Bierger:innen baséiert ass.

auto_stories

1 min

Pensioun | © Bigstock
Foto: Bigstock

Am Kader vum Projet "Schwätz mat!“ konnten d’Biergerinnen a Bierger tëscht Oktober a Dezember zejoert hier Iddien online areechen.

Iwwer 2.000 Beiträg goufen analyséiert. D’Diskussioun huet sech hei haaptsächlech ëm Gerechtegkeet, Nohaltegkeet an d’Upassungsfäegkeet vum System gedréit. Dacks goufen eng Erhéijung vun der Mindestpensioun, eng Deckelung vun héije Renten an alternativ Finanzéierungsmodeller gefuerdert. Och d’Vereenheetlechung vun de Pensiounssystemer fir den ëffentlechen a private Secteur a flexibel Iwwergangsmodeller beim Pensiounsalter stoungen am Mëttelpunkt.

An der nächster Phase solle vu Februar un Dialoger tëschent Experten a Bierger stattfannen. Mat dësem Projet erhofft sech de Ministère eng Basis fir eventuell Reformmesuren.