Den Trump huet de Freideg weider Nominéierungen annoncéiert. Esou soll déi aktuell Deputéiert Lori Chavez-De Remer Aarbechtsministerin ginn. Si gëlt als moderat Republikanerin, den Trump hofft esou en Drot zu de Gewerkschafte kënnen opzebauen.
E wichtege Posten am Hannergrond soll de Russel Vought kréien, hie soll de Büro fir Management a Budget iwwerhuelen. De Vought ass den Auteur vun den ëmstriddene Pläng iwwert en Ëmbau vun der amerikanescher Regierung. D‘Iddi ass et ënner anerem d‘Onofhängegkeet vu verschiddenen Administratiounen ze beschneiden.