Radioen

On air

Spektrum  |  White Denim - It Might Get Dark

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Davos: Optakt vum 54. Weltwirtschaftsforum

Schwäiz

Davos: Optakt vum 54. Weltwirtschaftsforum

Zu Davos an der Schwäiz fänkt haut de 54. Weltwirtschaftsforum un. Bis e Freide kommen hei héichrangeg Vertrieder aus de Beräicher Politik a Wirtschaft zesummen. Dëst Joer stinn d‘Theeme Klimawandel an d‘Gefore vun der Kënschtlecher Intelligenz am Mëttelpunkt, mee natierlech och d‘Konflikter an der Ukrain an am Noen Osten.

auto_stories

1 min

© picture alliance / Photoshot
Foto: picture alliance / Photoshot

Ënnert dem Motto „Vertrauen erëm hierstellen“ gi sech keng haart Verhandlungen erwaart. Vill méi soll et ëm een Austausch iwwer geopolitesch Krise goen. Den offizielle Programm ëmfaasst am ganze ronn 200 Sitzungen, dobäi kommen nach informell Treffe vu Staaten en Entreprisen.

Un dem Forum deel huele sollen dëst Joer och den ukrainesche President Wolodymyr Seleskyj, den israeelesche President Jitzchak Herzog an den US-Ausseminister Antony Blinken.