arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ USA stelle keng Studente-Visae méi aus 

Ugrëff géint d’Meenungsfräiheet

|
reading time

1 min

USA stelle keng Studente-Visae méi aus 

Déi amerikanesch Regierung vum Donald Trump geet weider géint auslännesch Studentinnen a Studenten op amerikaneschen Unie vir. Den Ausseminister Marco Rubio huet US-Ambassaden a Konsulater beoptraagt, bis op Weideres keng nei Demandë fir esou Visaen unzehuelen.

reading time

1 min

Demonstrant:innen virum US-Department of Education zu Washington, den 21. Mäerz 2025  | © picture alliance / NurPhoto | Bryan Dozier
Demonstrant:innen virum US-Department of Education zu Washington, den 21. Mäerz 2025 (Foto: picture alliance / NurPhoto | Bryan Dozier)

Gläichzäiteg solle Social-Media Aktivitéite vu Visa-Demandeure méi staark iwwerpréift ginn. 

An et gouf bekannt, datt Peruaner, déi e Studente-Visa oder eng Green card hunn, aus den USA kënne ausgewise ginn, wa si pro-palästinensesch Aussoe maachen oder d‘Militäraktioune vun Israel an der Gazasträif kritiséieren. 

Kritiker gesinn doran ee Verstouss géint d‘Meenungsfräiheet an der amerikanescher Verfassung.