Datt d'Universitéiten Harvard a Princeton op hir Onofhängegkeet a Saache Fuerschung oder Choix vun de Studentinnen a Studenten a Léierpersonal pochen, wier ganz couragéis. Nach misst een déi finanziell Mëttelen hu fir dat kënnen ze maachen, erkläert d'Simone Niclou.
En Afloss op d'Fuerschung weltwäit
D'Fuerschung ass op der ganzer Welt vernetzt, an och wann een elo an Europa Fuerscher:inne kann unzéien, verschidde Projete verstäerken oder wesentlech Daten hei securiséieren, esou géif een net direkt vun den USA an der Fuerschung ofhänken, mee d'Vernetzung leit drënner, preziséiert d'Simone Niclou, Vizerektorin fir d'Fuerschung op der Uni Lëtzebuerg
“Mee d'Fuerschung ass eng global Aktivitéit hautdesdaags an eigentlech nach ëmmer, mee haut hu mir natierlech aner Mëttelen, haut ass d'ganz Welt vernetzt an an deem Moment ass och d'Fuerschung total vernetzt an dat ass am Sënn vun der Fuerschung a vun neien Erkenntnisser.”
Verschidde Beräicher vun der Fuerschung wiere vill méi ofhängeg vun där Vernetzung, wéi an der Klimafuerschung oder och am Beräich Medezin.
“Och an der Medezin-Fuerschung: Do sinn och enorm vill esou international Etuden, wou grouss Bases de données iwwer genetesch Profiller an esou weider, déi an Amerika opgebaut gi sinn, a wou bis elo op jidde Fall d'Europäer einfach en Zougrëff dozou hunn, ob dat elo esou bleift oder net, dat steet nach an de Stären.”
An Däitschland huet d'Press vun enger Zort "Rush" vun US-amerikanesche Fuerscher geschriwwen. Dat wier op der Uni Lëtzebuerg net de Fall, mee et géif een awer gesinn, datt hei d'Fuerscher:inne vun de Kolleeginnen a Kolleegen aus den USA kontaktéiert ginn.
D'Onofhängegkeet vun der Uni Lëtzebuerg ass duerch e Gesetz geschützt, an deem déi Onofhängegkeet garantéiert ass.