Um Enn vu Sommet koum et awer zu enger schrëftlecher Deklaratioun. Ënner anerem bekenne sech d’NATO-Memberen zum faméisen Artikel 5, dee beseet, datt een Ugrëff op en NATO-Land als en Ugrëff op déi gesamt NATO gesi gëtt, an deemno all Member drop reagéiere muss.
Roll vun der NATO huet geännert
Den DP-Deputéierten a President vun der aussepolitescher Chamberkommissioun Gusty Graas mengt, datt et wichteg wier, datt an dësen Zäiten d’Noutwendegkeet vum Artikel 5 nach emol ënnerstrach gëtt.
“D’NATO huet eng aner Roll wéi an de leschte Joren. (...) Et ass rassurant, wann ee gesäit, datt op dëse weesentlechen Artikel higewise gëtt. Ech gesinn dat als positiv un, datt dat esou ënnerstrach ginn ass.”
Zu Zäite vun engem Donald Trump als amerikanesche President géing et allerdéngs ni eng absolut Garantie ginn, datt dësen Artikel och agehale géing ginn, wann et dann zum Extreemfall komme géing.
En Zeechen a Richtung Kreml
Och de Gusty Graas ass sech net sécher, wéi d’USA reagéiere géingen, wa Russland beispillsweis déi baltesch Länner ugräife géing.
“Et ass ze hoffen, datt esou eng Deklaratioun dozou bäidroe kann, datt d’USA sech bewosst sinn, datt am Fall wou ,den Artikel 5 ka spillen.”
Et wier och en Zeechen a Richtung Putin, deem esou munches zouzetraue wier, mengt den DP-Politiker.
US-Attack op Grönland wier "de Super-GAU"
Dat selwecht gëllt allerdéngs och fir den Donald Trump, deen d’Theema Grönland nees op den Dësch bruecht huet. Virun e puer Méint huet den Donald Trump jo scho gesot, datt hie gären hätt, datt Grönland zu Amerika sollt gehéieren.
Grönland ass Deel vun Dänemark a soumat och Deel vun der NATO.
De Gusty Graas seet am 100,7-Interview, datt ee vläicht e bëssen naiv gewiescht wier fir ze mengen, datt de Sujet vum Dësch gewiescht wier. Hie mengt awer och net, datt den Donald Trump esouwäit géing goen a Grönland militäresch attackéiere géing.
Wann et esouwäit kéim, da wier et e “Super-GAU an d’Enn vun der NATO”, fäert de President vun der aussepolitescher Chamberkommissioun.
Eskalatioun am Iran net am Interêt vum Trump
Virun e puer Deeg huet den US-President och d’Waffepaus mam Iran annuléiert an nei grouss Attacken duerchféiere gelooss. Dem NATO-President Mark Rutte no wieren dës “absolut noutwenneg” gewiescht.
De Gusty Graas fënnt, datt dem Donald Trump seng Manöveren “ëmmer schwéier ze bewäerte” sinn. Hie wier onberechenbar. Sécher wier awer, datt dës nei Attacken op den Iran zu enger weiderer Eskalatioun féiere wäerten, mengt den Deputéierten.
Ausserdeem wier eng Eskalatioun och net a sengem Interêt, schliisslech klammen och an den USA d’Präisser vum Pëtrol a vun de Liewensmëttel. Dat ka seng republikanesch Basis sécher net erfreeën.
“D’Ueleg-Reserven an Amerika si schrecklech zeréckgaangen. Hie verfänkt sech an engem Strudel an eng Strategie – wann hien eng huet – ass schwéier ze erkennen.”
US-President leet sech mat Spuenien un
Doriwwer eraus huet hie sech och mat Spuenien ugeluecht. Mam ibeereschen EU-Member ass den US-President net immens frou a wëllt elo all Handelsrelatioune kënnegen. Ob den Donald Trump weess, datt esou Entscheedungen op europäescher Säit zu Bréissel geholl ginn?
De Gusty Graas zweifelt dat un a schwätzt vun enger “infantiler” Reaktioun, déi hien zousätzlech isoléiere géing.
Wéi ass d'Optriede vum Mark Rutte ze bewäerten?
Bei allem niewendru steet de Mark Rutte a seet scheinbar kee Wuert. Muss een hie bewonneren, datt hien alles mécht fir den Donald Trump bei Laun ze halen? Oder mécht den NATO-President eng éischter aarmséileg Figur, well hie sech esou selwer domat erniddregt?
De Gusty Graas mengt, et wier eng Mëschung aus béidem. Hien hätt de Posten och dank dem Trump kritt an et wier en intelligente Mann, dee wësse géing, datt de falschen Toun grouss Konsequenze kann hunn.
“Et gesäit vu bausse schwaach aus heiansdo, mee hie muss oppassen, datt hien net ze vill zum Sklav vum Trump gëtt.”
D’NATO wier net just d’USA, betount de Gusty Graas, mee et géingen nach 31 aner Memberen dobäizielen. Dees misst sech de Mark Rutte bewosst sinn.
Méi dacks mat der Fauscht op den Dësch schloen
Et ass awer net just den NATO-President, deen esou en Optrieden un den Dag leet. Och déi europäesch Leadere schénge sech zeréckzehalen – vläicht mat Ausnam vun der Giorgia Meloni, déi schonn eng Kéier mat der Fauscht op den Dësch geschloen huet.
Genee dat stéiert de Gusty Graas. Och vis à vis vun engem US-President géingen et Grenze ginn, déi definitiv iwwerschratt goufen, mengt hien.
“Ech géing mir wënschen, datt mir op europäeschem Plang méi Perséinlechkeeten hätten, déi him (Donald Trump) dat ze verstoe ginn. Den eenzegen, deen dat heiansdo mécht, ass de Macron. Mir sinn Tributaire vum Trump sengen Äusserungen an Handlungen”
De Punkt wier erreecht, wou een och engem Donald Trump soe misst: Bis hei hin an net weider.
"Problemer mat der eegener Perséinlechkeet"
Aus NATO-Kreesser war iwwerdeems ze héieren, datt dem Donald Trump säin Optriede virun der Press – gewinnt aggressiv a gereizt – ganz aneschters war wéi d’Optrieden hanner zouenen Dieren, wou hien extreem roueg soll gewiescht sinn.
De Gusty Graas wonnert dat net. Hie mengt, datt den Donald Trump “Problemer mat der eegener Perséinlechkeet” huet.
“Hien huet den Drang fir sech no baussen duerzestellen als onantastbar, als grousse Chef.”
Et wier ze hoffen, datt am November bei de Midterms an den USA sech e Changement ukënnege wäert, esou nach de President vun der aussepolitescher Chamberkommissioun.
Positiv Signaler a Richtung Ukrain
Nom NATO-Sommet wier awer nach positiv ervirzehiewen, datt d’Ënnerstëtzung fir d’Ukrain bäibehale gëtt. Et si 70 Milliarden Euro, déi deblockéiert solle ginn.
“Wann d’Ukrain ënnergeet, da gi mir an Europa deelweis mat ënner. Da gi mir dem Putin d’Méiglechkeet, seng Expansiounspolitik weiderzeféieren.”
Allgemeng wier och eng “Europariséierung” vun der NATO ze spiere gewiescht, wat e weidert positiivt Element wier, seet de Gusty Graas. De Kontinent géing zesummenhalen.