Radioen

On air

Notturno  |  Ellen Arkbro & Johan Graden - Temple

play_arrow Live
search

/ US-Vizepresident: An de Verhandlungen iwwer en Enn vum Ukrain-Krich sinn all d'Optiounen um Dësch

Interview am Wall Street Journal

US-Vizepresident: An de Verhandlungen iwwer en Enn vum Ukrain-Krich sinn all d'Optiounen um Dësch

An deene Verhandlunge géif den USA d’Onofhängegkeet vun der Ukrain och um Häerz leien. Aus der Ukrain mellt de President Wolodymyr Selenskij de Freideg Moien iwwregens eng Attack vun enger russescher Dron op de Sarkophag vun der Atomzentral vun Tschernobyl. Eng Hausse vun der radioaktiver Strahlung wär awer net gemooss ginn.

auto_stories

1 min

JD Vance | © picture alliance/dpa | Peter Kneffel
JD Vance (Foto: picture alliance/dpa | Peter Kneffel)

D’Ukrain wier um irreversibele Wee an d’NATO, sot de brittesche Premier Keir Starmer dem ukrainesche President Wolodymr Selenskij dann iwwerdeems de Moien an engem Telefonsgespréich. Groussbritannien stéing allzäit dohannert, datt Kiew an d’Nordatlantesch Allianz opgeholl gëtt. Déi nei US-Regierung hat jo rezent verlaude gelooss, eng NATO-Memberschaft vun der Ukrain wier net realistesch.