search

/ US-Emissär Witkoff trëfft sech mam Chef vum ukrainesche Sécherheetsconseil

Ukrainkrich

|
headphones

1 min

US-Emissär Witkoff trëfft sech mam Chef vum ukrainesche Sécherheetsconseil

Den amerikanesche Spezialemissär Steve Witkoff wäert haut de Chef vum ukrainesche Sécherheetsconseil Rustem Umerov a Florida treffe fir weider Gespréicher iwwer en Enn vum russeschen Agressiounskrich géint d‘Ukrain. D‘Wäisst Haus huet dat Treffe confirméiert.

headphones

1 min

Steve Witkoff | © picture alliance / NurPhoto | Andrew Thomas
Steve Witkoff (Foto: picture alliance / NurPhoto | Andrew Thomas)

Dem Donald Trump säin Eedem Jared Kushner wäert och nees bei dësem Treffen dobäi sinn.

Virgëschter haten de Witkoff an de Kushner bal fënnef Stonne laang mam russesche President Wladimir Putin zu Moskau diskutéiert. En Duerchbroch gouf et do awer net.

De Wladimir Putin huet haut seng Fuerderung widderholl, datt déi ukrainesch Truppen sech ganz aus der Regioun Donbass missten zeréckzéien.