Eng Stonn huet d‘Entrevue, um Bord vum Weltwirtschaftsforum gedauert. Et hätt een nach e Wee virun sech, esou den Donald Trump virun der Press zu Davos.
Et misst een elo kucken, wéi d‘Treffe vu sengem Spezialemissäre Steve Witkoff um Donneschdegowend verleeft. Dee flitt nämlech op Moskau a soll vum vum russesche President Wladimir Putin empfaange ginn. Dem Donald Trump säi Message wier kloer: De Krich muss ophalen.
Selenskyj: "USA sinn indispensabel fir Secherheetsgarantien"
Och de Wolodymyr Selenskyj huet vun engem gudden Treffe geschwat. Hie sot och, datt d‘Sécherheetsgarantien, déi d‘Europäer der Ukrain proposéiere fir eng nei russesch Invasioun nom Krich ze verhënneren, net géifen duergoen ouni d‘Implicatioun vun den USA. Dem Donald Trump seng Ënnerstëtzung wier indispensabel.
Weidert Treffen tëschent den USA, Russland an der Ukrain ugekënnegt
Den ukrainesche President huet iwwerdeems en neit Treffen tëschent den USA, Russland an der Ukrain ugekënnegt. Vertrieder aus deenen dräi Länner géifen sech e Freideg an e Samschdeg an de Vereenten Arabeschen Emiraten treffen fir iwwert d‘Konditiounen fir en Enn vum Ukrainkrich ze diskutéieren.