Nach elo am November soll den ukrainesche President Wolodymyr Selenskyj op Washington reesen, fir den US-President Donald Trump ze treffen. Detailer missten awer nach tëschent der Ukrain, Russland an den USA gekläert ginn, esou d‘Spriecherin vum Wäissen Haus. Den éischte proposéierte Plang vun den USA mat 28 Punkten, soll elo just nach 20 Punkten hunn.
Gläichzäiteg beroden sech och d‘Memberlänner vun der Koalitioun vun de Wëllegen an enger Videokonferenz.Hei geet et virun allem ëm Sécherheetsgarantië fir d‘Ukrain am Fall vun engem Waffestëllstand.