arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Keng Chance op direkte Fridden am Ukrainkrich

Donald Trump

|
headphones

1 min

Keng Chance op direkte Fridden am Ukrainkrich

Et gëtt aktuell keng Chance op en direkte Fridden an der Ukrain. Dee Constat huet den US-President Donald Trump gemaach, no engem Telefonsgespréich mam russesche President Wladimir Putin.

headphones

1 min

Donald Trump | © picture alliance / Consolidated News Photos | Chris Kleponis - Pool via CNP
Donald Trump (Foto: picture alliance / Consolidated News Photos | Chris Kleponis - Pool via CNP)

An deem Gespréich wier et ënner anerem ëm ukrainesch Attacken op russesch Militärfligere gaangen, huet den Trump op Truth Social geschriwwen. De Putin hätt ënnerstrach, datt si dorop misste reagéieren.

Ëm den Ukrainkrich geet et haut och am Gespréich, dat den däitsche Kanzler Friederich Merz am Wäissen Haus mam Donald Trump wäert hunn. De Merz huet am Virfeld annoncéiert, déi europäesch Positioun selbstbewosst wëlle beim Trump ze vertrieden.