D’Decisioun vun den USA hätt eng Kris ouni Beispill bei ganz villen Hëllefsorganisatioune weltwäit ausgeléist, schreift d’Agence AFP.
Mat den 102 Milliounen Euro, wëll d’UNO also elo de Réckgang u weltwäiter humanitärer Hëllef opfänken. Esou heescht et an der schrëftlecher Erklärung, déi zu engem groussen Deel vun den USA verfaasst gouf.
Sue fir Afrika, Asien a Südamerika
D’Suen aus dem Nouthëllefsfong sollen an déi zéng weltwäit Krise fléissen, déi am meeschten ënnerfinanzéiert an am stäerkste vernoléissegt sinn – notamment an Afrika, Asien a Südamerika, heescht et am Schreiwes. Een Drëttel dovu soll an de Sudan fléissen. D’Land erlieft den Ament eng vun de weltwäit schlëmmsten humanitäre Krisen.
Weider fléissen d’Hëllefen an Afghanistan, an déi Zentralafrikanesch Republik, Honduras, Mauretanien, Niger, Somalia, Venezuela a Sambia. Wéi vill Gelder genee a wéi eng Regioune fléissen, geet aus der UNO-Erklärung net ervir.
2030: 300 Millioune Leit op Hëllef ugewisen
Kloer ass awer, datt déi Nouthëllefsfongen ënner anerem och sollen dofir benotzt ginn, fir déi vulnerabelst Bevëlkerungsgruppe viru Katastrophen am Zesummenhang mam Klimawandel ze schützen.
Et ass dovun auszegoen, datt bis 2030 weltwäit 300 Millioune Mënschen op humanitär Hëllef ugewise sinn. D’Finanzmëttele fir de concernéierte Leit ze hëllefen, ginn awer all Joer zeréck: D’UNO hat zejoert de Besoin un humanitärer Hëllef, just fir déi 185 Milloune Mënschen, déi am vulnerabelste sinn, op 45 Milliarden Dollar geschat. Fir dat éischt Quartal vun dësem Joer wiere bis elo wiere just 5 Prozent dovu bei der UNO agaangen.