Neie Kanzler zu Wien soll den ÖVP-Chef Christian Stocker ginn. Vize-Kanzler soll den SPÖ-Chef Andreas Babler ginn.
Déi dräi Parteie wieren iwwer hire Schied gespronge fir ee Kompromëss ze fannen, esou den ÖVP-Chef Christian Stocker.
Déi dräi Parteien hunn hire gemeinsame Programm presentéiert: De Regierungsprogramm huet den Titel “Jetzt das Richtige tun. Für Österreich.” Virgesinn ass ë.a. eng Verschäerfung vum Asylrecht: déi “irregulär Migratioun” soll bekämpft ginn. Geplangt ass och ee Kappduchverbuet fir Meedercher bis 14 Joer an Éisträich.
Generell stéing déi nei Dräier-Koalitioun virun “historeschen Erausfuerderungen”, esou de Christian Stocker.
Dei nei Regierung kéint schonn ee Méindeg zu Wien vereedegt ginn.
Esou laang wéi dës Kéier hat et an Éisträich nach ni gedauert, bis eng nei Regierung stoung.
Den Audio-Bäitrag vum Jimmy Bruch