Radioen

On air

9 bis 1  |  Seal - Future Love Paradise

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Luc Frieden: “Europa muss op eegene Féiss stoen”

No Eclat am Wäissen Haus

Luc Frieden: “Europa muss op eegene Féiss stoen”

No dem Eclat e Freideg tëschent dem Donald Trump an dem Wolodymyr Selenskyj am Wäissen Haus erkläert de Lëtzebuerger Premier am 100,7-Interview, datt d’Ukrain net nëmme fir hir Fräiheet mee och fir internationaalt Recht géif kämpfen. Dofir misst Europa elo als geschlosse Front hannert der Ukrain stoen.

auto_stories

4 min

headphones

9 min

play_arrow

Den US-President Donald Trump an den US-Vize-President JD Vance haten dem ukrainesche President reprochéiert, am Bezuch op d‘Militärhëllefen net dankbar a respektlos ze sinn, a mam drëtte Weltkrich ze spillen. 

Ob dat wat am wäissen Haus geschitt ass, wier een net agestallt gewiescht, esou de Luc Frieden. 

“A mir mussen duerfir op der Säit vun der Ukrain stoen a mir hoffen, datt Amerika och realiséiert, datt et net esou ka sinn, datt een, deen e Land iwwerfält, also Russland, datt déi esou e Krich gewannen.”

Et misst een hoffen, datt d’USA d’Konsequenze vun engem Wiessel vun de Wäerter, deen si elo villäicht ageleet hätten, gesinn. Elo wier et wichteg, datt Europa an enger geschlossener Front hannert der Ukrain steet. 

D'USA e wichtege Partner

Et bräicht een d’USA awer och. Si wieren dee wichtegste Member vun der NATO. Dowéinst misst ee weider d’Gespréicher mat den USA sichen, och wann dat elo méi schwiereg wier, esou de Luc Frieden. 

Iwwerdeems wieren d’USA och e ganz wichtegen Handelspartner vun Europa. Et kéint een sech net einfach vun den USA ofgrenzen, mee et misst een awer léieren op eegene Féiss ze stoen. 

“Et ass en héije Präis, well mir wat d'Sécherheet ubelaangt zënter 80 Joer eis eigentlech e bëssen op de Schëllere vun Amerika ausgerout hunn.”

Souwuel wat d’Sécherheet ubelaangt, awer och d’Energie, d’Ekonomie an den Handel. Als Europa misst een sech a villen Domäner “massiv méi staarkopstellen a méi zesumme schaffen”. Dat wier d’Lektioun schonn zënter dem 20.Januar gewiescht, well een net genee géif wëssen a wéi eng Richtung déi néi amerikanesch Regierung géif zéien. 

“Mir gleewe weider un déi transatlantesch Relatioun. Mee si gëtt ganz schwiereg. An duerfir musse mir Alternative virbereet hunn.”

D’Ukrain géif och fir d’Fräiheet vun al hiren Nopeschlänner kämpfen, betount de Luc Frieden. Wann d’USA sech elo finanziell wäerten zeréck zéien, da missten déi europäesch Länner, dorënner och Lëtzebuerg, hire Support erhéijen. Mee fir den Ament wier et nach net esou wäit.

Groussbritannie versprécht weidere Kredit

Um Sonnde komme westlech Staats- a Regierungscheffen zu London zesummen. De brittesche Premier Keir Starmer huet dëse Sommet aberuff.

De Wolodymyr Selenskyj ass de Samschden zu London ukomm an hat schonn eng Entrevue mam brittesche Premier. Groussbritannien huet der ukrainescher Regierung ee weidere Kredit an der Héischt vun iwwer 2,7 Milliarden Euro versprach, dat fir d‘Stäerkung vun der Defense an den Erëm-Opbau vum Land.

International Reaktiounen

Den NATO-Generalsekretär Rutte huet dem ukrainesche President geroden, seng Bezéiunge mat Washington ze verbesseren.

De polnesche President Andrzej Duda huet betount, datt d’Ukrain sech nees bereet weise misst, un den Dësch fir Verhandlungen ze kommen.

De franséische President Macron huet d’US-Regierung opgefuerdert, hir Positioun ze iwwerdenken an op der "richteger Säit vun der Geschicht" ze stoen.

Déi italieenesch Premierministerin Giorgia Meloni huet  virgeschloen, sou séier wéi méiglech en transatlantesche Sommet tëschent den USA an Europa iwwer d’Zukunft vun der Ukrain ze organiséieren.

Plang fir e Waffestëllstand

Groussbritannien a Frankräich wëllen zesumme mat der Ukrain un engem Plang fir e Waffestëllstand an der Ukrain schaffen. Dat huet de brittesche Premierminister Keir Starmer an engem Interview mat der BBC ugekënnegt, kuerz virum Optakt vum Sommet zu London.

Dem Keir Starmer no hunn sech Groussbritannien a Frankräich, méiglecherweis zesumme mat nach weidere Länner, drop gëeenegt, e Plang fir eng Waffepaus mat der Ukrain auszeschaffen, dee spéider och mat den USA diskutéiert soll ginn. Dës Initiativ wier d’Resultat vun de Gespréicher gëschter mam ukrainesche President Wolodymyr Selenskyj, mam franséische President Emmanuel Macron a mam US-President Donald Trump, sou nach de Keir Starmer.

De kompletten Interview mam Luc Friedenplay_arrow