Radioen

On air

Kultur um 5  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Dräierkoalitioun an Éisträich vereedegt 

ÖVP, SPÖ an Neos

Dräierkoalitioun an Éisträich vereedegt 

No 5 Méint a vill hin an hir, gouf um Méindegmoien déi éisträichesch Regierung vereedegt. Den ÖVP-Chef Christian Stocker gëtt neie Bundeskanzler. Vize-Kanzler gëtt de Chef vun der SPÖ Andreas Babler an d‘Cheffin vun den Neos, d’Beate Meinl Reisinger gëtt Ausseministerin.

auto_stories

2 min

headphones

1 min

Christian Stocker, ÖVP-Generalsekretär | © picture alliance / dts-Agentur play_arrow
Christian Stocker, ÖVP-Generalsekretär (Foto: picture alliance / dts-Agentur )

Um Sonndegowend réischt, hunn d‘Neos déi nei Dräierkoalitioun an de Programm mat 211 Säiten ofgeseent. 150 Deeg no de Wale konnt d‘Regierung mat hiren 13 Minister:inne vereedegt ginn.

Éischt Kéier eng Koalitioun zu dräi 

Et ass déi éischte Kéier, datt an Éisträich eng Dräierkoalitioun regéiert. Éischt Gespréicher tëschent den dräi Parteien no de Wale ware gescheitert. Och Gespréicher tëschent der ÖVP an der an Deeler rietsextremer FPÖ sinn am Januar ouni Erfolleg op een Enn gaangen. Dat well ee sech virun allem a Froen zu Aussoen an EU-Politik net eens ginn ass.

Alles an allem ass an eenzele Punkten aus dem Regierungsprogramm d‘Handschrëft vun de verschiddene Parteien ze liesen. Sou kënnegt sech, eng méi haart Linn a Saache Migratioun un, wou d‘ÖVP ënner anerem een obligatoreschen Integratiounsprogramm vun dräi Joer fuerdert. De Regroupement familial gëtt iwwerdeems bis op Weideres a mat effet immediat ausgesat.

Regierungserklärung fir de Freide geplangt

A Saache Wunneng a Loyer weise sech d‘Positioune vun der SPÖ: gereegelt Loyere gi fir ee Joer agefruer an och do duerno, wëll ee beim klamme vun de Präisser „staark op d‘Brems drécken“, seet den zukünftege Vize Bundeskanzler Andreas Babler.

Fir neos ass et déi éischt Regierungsparticipatioun. D‘Partei gouf 2012 gegrënnt a gesäit sech als „Reformkraaft“, wat Educatioun an den Ofbau vun der Bürokratie ugeet.

D‘Regierungserklärung am Nationalrot steet dann e Freideg un.

Lauschterenplay_arrow