Radioen

On air

Tockcity  |  The Dare - Perfume

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Delegatiounen aus den USA a Russland kommen zesummen 

A Saudi-Arabien

Delegatiounen aus den USA a Russland kommen zesummen 

Knapp dräi Joer nom russeschen Iwwerfall op d'Ukrain kommen haut Delegatiounen aus den USA a Russland fir Gespréicher a Saudi-Arabien zesummen. Vun amerikanescher Säit huelen ënner anerem den Ausseminister Marco Rubio an den nationale Sécherheetsberoder Michael Waltz um Treffen deel. Russland gëtt duerch den Ausseminister Sergej Lawrow an dem President säi Beroder Juri Uschakow vertrueden.

auto_stories

2 min

headphones

2 min

Fändele vun der Ukrain, Russland an den USA | © Photo by Jakub Porzycki/NurPhoto play_arrow
Fändele vun der Ukrain, Russland an den USA (Foto: Photo by Jakub Porzycki/NurPhoto)

An engem Palais hu sech déi russesch an d'US Delegatioun zesumme fonnt. D’Stëmmung am Sall wier ugespaant mellt d’Agence France Presse. D’Politiker hätten sech keng Hand virun de Kamerae ginn an et gouf och kee Point presse.

Ukrain net dobäi

Niewent dem amerikaneschen Ausseminister ass och nach de Steve Witkoff, Mandataire vun der Trump Regierung vum Noen Osten, an de Mike Waltz, Beroder fir national Sécherheet fir d’USA op dësem Treffen. De russeschen Ausseminister gëtt vum Beroder fir Auslandspolitik, Juri Uschakow begleet. Mat um Dësch sëtzen och de Saudi-arabeschen Ausseminister, Prënz Faisal bin Farhan al-Saud an de Beroder fir national Sécherheet, Musaed bin Mohammed al-Aiban.

D’Ukrain an aner europäesch Länner goufen net invitéiert. Den ukrainesche President Wolodymyr Selenskyj hat doropshi betount, datt kee Fridde ka fonnt ginn, wann d’Ukrain net un de Gespréicher deel hëlt. Hie gëtt muer no de Gespréicher a Saudi-Arabien erwaart.

EU dréit vollen Undeel un e Militärhëllefe fir d'Ukrain

Dëst Treffen déngt als Virbereedung op méiglech Verhandlunge fir d’Léisung vum Ukrain-Konflikt an awer och en Treffen tëschent dem Donald Trump a Wladimir Putin. Ee Rendez-vous dofir steet awer nach net fest. Wéinst dem Krich an der Ukrain loung d’Bezéiung tëschent der USA a Russland an de vergaangene Joren bal komplett op Äis. Treffen tëschent dem russeschen Ausseminister an dem deemolegen US-Ausseminister Antony Blinken goufen et der nëmme vereenzelt um Bord vum internationalen Treffe wéi dem G20.

D’EU-Kommissiounspresidentin Ursula von der Leyen huet sech iwwerdeems mam US Sondermandataire fir d’Ukrain a Russland, Keith Kellog, den Dënschdegmoien zu Bréissel beroden. Si huet dobäi verséchert, datt d’EU hire vollen Undeel un de Militärhëllefe fir d’Ukrain géif droen a bereet wier, méi ze maachen. D’Urusla von der Leyen huet och betount, datt all Resolutioun déi d’Onofhängegkeet, d’Souveränitéit an d’territorial Integritéit vun der Ukrain respektéiere muss, sou EU Sourcen.

Lauschterenplay_arrow