Matthias Kirsch (München)
Den Olaf Scholz war net ameséiert, wéi hien zu den Aussoe vum CDU-Deputéierte Roderich Kiesewetter gefrot gouf. Datt hien eng Rees op Moskau, respektiv een Treffe mam Wladimir Putin géif plangen, wier eng falsch Behaaptung, esou den Olaf Scholz.
Mat sengem Tweet op X huet dee laangjäregen Deputéierte Roderich Kiesewetter déi knaschteg Phas vum däitsche Walkampf wuel lancéiert, obwuel sech all d'Parteien - ausser BSW an AfD - Enn lescht Joer op e sougenannt Fairness-Ofkommes fir de Walkampf gëeenegt haten.
Visitt op Moskau mécht "kee Sënn"
Den SPD-Generalsekretär Matthias Miersch sot, d'Aussoe wieren "héichproblematesch, infam a perfid". Den SPD-Fraktiounschef Rolf Mützenich huet d'CDU-Spëtzt opgefuerdert, personell Konsequenzen ze consideréieren. Den Tweet ass um Profil vum Roderich Kiesewetter mëttlerweil net méi ze gesinn.
Datt de Bundeskanzler géif op Moskau reesen, dementéiert d'Regierung kloer. Am November hat den Olaf Scholz mat engem Telefonat mam Wladimir Putin d'Ukrain an och d'NATO-Partner iwwerrascht a fir rose Reaktioune gesuergt. Eng Rees a Russland géif allerdéngs iwwerhaapt kee Sënn erginn. Et géif guer net doriwwer nogeduecht ginn, sot de Regierungsspriecher Steffen Hebestreit dem Redaktionsnetzwerk Deutschland.
D'Bundesregierung well juristesch géint d'Behaaptunge virgoen.