Radioen

On air

Notturno  |  Babeheaven - The Hours

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ De Carles Puigdemont gëtt definitiv net méi als EU-Deputéierten unerkannt

Spuenien

De Carles Puigdemont gëtt definitiv net méi als EU-Deputéierten unerkannt

De katalanesche Separatisteleader Carles Puigdemont gëtt definitiv net méi als EU-Deputéierten unerkannt. Den Europäesche Geriichtshaff huet dem Puigdemont seng Plainte rejetéiert. Géint hie läit zanter Joren en Haftbefeel fir, wéinst sengem illegalen Onofhängegkeets-Referendum, fir Katalounie vu Spuenien ze trennen.

auto_stories

1 min

Carles Puigdemont | © picture alliance / NurPhoto | Lorena Sopena
Foto: picture alliance / NurPhoto | Lorena Sopena

Zanterhier lieft de Carles Puigdemont an der Belsch. 2019 war hien, zesumme mat engem anere katalaneschen Deputéierten, an d‘Europaparlament gewielt ginn. Den deemolege President vum EU-Parlament huet si awer net unerkannt, well si net offiziell spuenesch EU-Deputéiert waren, well si keen Eed op déi spuenesch Verfassung geleescht haten. 

Dogéint hat de Carles Puigdemont sech gewiert an huet elo virun der leschter juristescher Instanz, dem Europäesche Geriichtshaff, verluer.