Radioen

On air

Spektrum  |  The Script - Both Ways

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Brittesche Premier Keir Starmer wëll d'Relatioun mat Europa nees stäerken

Groussbritannien

Brittesche Premier Keir Starmer wëll d'Relatioun mat Europa nees stäerken

Den neie brittesche Premier Keir Starmer sot hie wéilt d‘Lienen tëscht Groussbritannien an Europa nees verstäerken. Dës Annonce huet hien zu Oxford gemaach op engem Sommet, un deem och den ukrainesche President Wolodymyr Selenskyj deelhëlt.

auto_stories

1 min

Foto: picture alliance

Um Optakt vun engem Sommet vun der europäescher politescher Communautéit zu Oxford sot de Keir Starmer, Groussbritannie wéilt mat allen europäesche Länner zesumme schaffen, fir déi gemeinsam Interêten nees ze entdecken an d‘Vertrauens- a Frëndschafts-Relatiounen ze retabléieren. 

Beim Sommet zu Oxford ass och den ukrainesche President Wolodymyr Selenskyj derbäi. Hien huet Groussbritannie Merci gesot fir d‘Ënnerstëtzung vun der Ukrain am russeschen Aggressiounskrich.