Radioen

On air

Spektrum  |  Rinocerose - Awake Feat. Benjamin Diamond

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Den Nouveau Front Populaire op der Sich no engem Premier 

Parlamentswalen a Frankräich

Den Nouveau Front Populaire op der Sich no engem Premier 

Een Dag no de Walen a Frankräich an dem Erfolleg vun der lénks-grénger Allianz Nouveau Front Populaire koume gëschter d’Parteispëtzte vun dësem zesumme fir iwwer d’Regierungsformatioun ze beroden. Déi zentral Fro: Wie gëtt Premier?

auto_stories

2 min

headphones

2 min

Olivier Faure | © picture alliance / NurPhoto | Daniel Pier play_arrow
De Sozialistechef Olivier Faure. (Foto: picture alliance / NurPhoto | Daniel Pier)

Am spéiden Nomëtteg koumen d’Parteispëtzte vum Walgewënner Nouveau Front Populaire zesumme fir doriwwer ze beroden, wéi et elo soll weidergoen. Si si sech eens, datt si den Usproch dorop hunn, eng Regierung an de Premier ze stellen.

Elo geet et awer dorëms, Detailer ze klären, an eng passend Persoun ze fannen. De Sozialistechef Olivier Faure huet bei France Info annoncéiert, datt een innerhalb vun enger Woch wéilt ee Kandidat oder eng Kandidatin presentéieren. 

Jean-Luc Mélenchon wier keng Optioun

De Grënner vun der Lénkspartei La France Insoumise, de Jean-Luc Mélenchon, géing awer net Premier ginn, esou de Faure, well dësen ze ëmstridde wier. Eng aner Persoun aus der Lénkspartei wollt den Olivier Faure awer net ausschléissen.

Fir den Nouveau Front Populaire geet et elo och dorëms ze kucken, ob een eng Minoritéitsregierung op d’Bee stellt, déi da fir hir Projeten Allianzen an der Assemblée fanne muss oder op een eng Koalitioun kann agoen, wat awer de Moment schwéier ëmsetzbar schéngt, well zum Beispill La France Insoumise an d’Nach-Regierungspartei vum President Macron eng Zesummenaarbecht ëmmer nees kategoresch ausgeschloss hunn.

Lauschterenplay_arrow

Max Tholl (Paräis)