Radioen

On air

Notturno  |  Traumkapitän - Broken Crackery

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Koalitiounsformatioun an der Belsch: Formateur reecht seng Demissioun an

International Politik

Koalitiounsformatioun an der Belsch: Formateur reecht seng Demissioun an

An der Belsch gesäit et den Ament net no engem Accord fir eng nei Regierung aus. Nom Echec vun der Reunioun hënt huet de Formateur Bart de Wever de Mëtteg via WhatsApp wësse gedoen, datt hien d‘Handduch gehait.

auto_stories

1 min

Belsch | © Patrick Robert Doyle
Foto: Patrick Robert Doyle

An engem Message un all Parteipresidenten huet de Formateur vum flammännesche rietskonservative N-VA matgedeelt, datt hien dem Kinnek seng Demissioun agereecht hätt.

De Kinnek Philippe hat dem Formateur bis den Owend Zäit ginn, fir ee Koalitiounsaccord mat de 5 Parteien, ze fannen. Dat wier awer net méiglech gewiescht, sou den De Wever: Wann déi 5 net wëllen, da kann een näischt maachen, huet hie geschriwwen.

Ee vun de Knackpunkten ass déi geplangte Steierreform. Un där och schonn déi virrecht Regierung vum Alexander De Croo gescheitert war. 

De Kinnek Philippe empfänkt de Bart de Wever den Owend um 20:15, wéi de Palais matgedeelt huet.