Radioen

On air

Notturno  |  James Holden - In The End You'll Know

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Een Dag virun der Entrevue am Élysée: Drock op den Emmanuel Macron wiisst

Frankräich

Een Dag virun der Entrevue am Élysée: Drock op den Emmanuel Macron wiisst

Och a Frankräich gëtt et, 6 Wochen no de Parlamentswalen, nach keng Regierung. Elo hunn d‘Vertrieder vum Nouveau Front populaire de President Emmanuel Macron schaarf kritiséiert.

auto_stories

1 min

Assemblée nationale | © picture alliance / | Daniel Kalker
Foto: picture alliance / | Daniel Kalker

An engem oppene Bréif reprochéiere si dem Macron keng Konsequenzen aus de Parlamentswalen ze zéien. Seng Inaktivitéit wier schlëmm a schiedlech, heescht et an deem Bréif. Et wier héich Zäit fir ze handelen, fuerderen d‘France Insoumise, d‘Sozialisten, d‘Kommunisten an déi Gréng, souwéi hir Kandidatin fir de Poste vum Premierminister, d'Lucie Castets.

Déi alliéiert Gauche war jo bei de Wale stäerkste Kraaft ginn, hat awer keng absolut Majoritéit kritt.

De President huet alleguer d‘Vertrieder vun de Parteien an der Assemblée Nationale fir muer an den Élysée convoquéiert, fir e Premier ze nominéieren. De Macron hat sech géint d‘Kandidatin vun der Gauche ausgeschwat a sech fir eng breet Koalitioun ausgeschwat, zu där och seng eege Beweegung géif gehéieren.