Radioen

On air

Notturno  |  James Holden - In The End You'll Know

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Regierungsbildung an der Belsch fänkt nees vu vir un

No der Demissioun vum Formateur

Regierungsbildung an der Belsch fänkt nees vu vir un

Zwee Méint no de Parlamentswale geet an der Belsch d'Sich no enger neier Regierungskoalitioun vu vir un. De Kinnek Philippe wäert haut nei Gespréicher mat de Vertrieder vun de 5 Parteie féieren, déi eng Koalitioun wëlle maachen, an och eng Majoritéit hunn.

auto_stories

1 min

Gëschter war constatéiert ginn, datt d'Verhandlungen, déi de Bart de Wever, Chef vun der flamännescher rietskonservativer N-VA als Negociateur geleet huet, zu näischt geféiert hunn. De Kinnek muss en neien Negociateur nennen. Et ass net ausgeschloss, datt dat nach emol de Bart de Wever gëtt.

Allgemeng gëtt erwaart, datt et nach Wochen dauert, éier d'Belsch eng nei Regierung huet.

An de Joren 2010 bis 2011 waren eis Noper 541 Deeg ouni Regierung.