Radioen

On air

Notturno  |  Jimmy Leen - Black Summer Song

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Éischten Debat steet virun der Dier - RN huet säi Walprogramm presentéiert

Frankräich

Éischten Debat steet virun der Dier - RN huet säi Walprogramm presentéiert

A Frankräich ass et haut um Dënschdegowend déi éischt Fernseedebatt virum éischte Waltour nächste Sonndeg. Dat nodeems de President Macron gëschter viru ganz drastesche Konsequenze gewarnt hat, sollten d’Extremer vu lénks oder riets un d’Muecht kommen. 

auto_stories

2 min

headphones

2 min

Jordan Bardella | © picture alliance / NurPhoto | Artur Widak play_arrow
Foto: picture alliance / NurPhoto | Artur Widak

De Premier Gabriel Attal, de Chef vum Rassemblement National Jordan Bardella, an de Manuel Bompard vum lénken Nouveau Front Populaire sti sech haut an engem Debat géintiwwer, deen den Owend um 21 Auer op TF1 leeft.

Net invitéiert goufen déi konservativ Les Républicains, déi dëst als Benodeelegung ugesinn a sech dowéinst un de Conseil d’État adresséiert hunn.

Den Debat versprécht hëtzeg ze ginn. De President Emmanuel Macron hat gëschter schonn am Podcast "Génération Do it Yourself" kloer Wierder fonnt fir ze beschreiwen, wat passéiere kéint, sollt den RN oder den Nouveau Front Populaire un d’Muecht kommen.

RN: Schouluniformen a keen Droit du sol

De Jordan Bardella hat iwwerdeems gëschter de Programm vu senger Partei presentéiert. Ënner anerem wëllt hien d’Schouluniformen aféieren an Handyen an de Schoule verbidden. Och soll den Droit du sol ofgeschaaft ginn, fir datt Kanner, déi a Frankräich gebuer ginn, net automatesch d’Nationalitéit kréien.

Doniewent wëllt de Bardella och den irregulären Openthalt nees kriminaliséiere fir et méi einfach ze maache Persounen ouni Openthaltserlabnis ze expulséieren.

Alles Punkten, déi sécherlech haut den Owend net ouni Géigewand wäerte bleiwen. 

Lauschterenplay_arrow


Max Tholl