Radioen

On air

Notturno  |  Everything Everything - Choice Mountain

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Holland kritt eng riets Regierungskoalitioun

Onkloer wie Premier gëtt

Holland kritt eng riets Regierungskoalitioun

Déi radikal riets Populiste vum Geert Wilders si sech elo mat dräi weidere Parteien iwwer e Programm eens ginn. Onkloer ass awer, wien neie Premier gëtt.

auto_stories

1 min

© picture alliance / PRO SHOTS | Koen Laureij
Foto: picture alliance / PRO SHOTS | Koen Laureij

De Wilders selwer gëtt net Premier, well déi aner Parteien hien net matdroen. Déi Fro wier also nach ze klären, sot de Wilders gëschter. Haut ginn et méi Detailer iwwer e Regierungsaccord.

Et ass awer schonn duerchgedrongen, datt Holland zu den europäesche Länner mat de strengsten Asylreegelen wéilt ginn.