Radioen

On air

Vue sur mer  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Trump beschëllegt Selenskyj mat drëttem Weltkrich ze spillen

Eclat am Wäissen Haus zu Washington

Trump beschëllegt Selenskyj mat drëttem Weltkrich ze spillen

Um Freidegowend ass eng Entrevue tëscht dem US amerikaneschem President Donald Trump, dem Vize-President JD Vance an dem Ukrainesche President Wolodymyr Selenskyj mat engem Eclat am Wäissen Haus op een Ee gaangen.

auto_stories

2 min

headphones

3 min

De Wolodymyr Selenskyj schwätzt mam Donald Trump am Wäissen Haus den 28.02.25.  | © picture alliance / Consolidated News Photos | Jim LoScalzo - Pool via CNP play_arrow
De Wolodymyr Selenskyj schwätzt mam Donald Trump am Wäissen Haus den 28.02.25. (Foto: picture alliance / Consolidated News Photos | Jim LoScalzo - Pool via CNP)

De Wolodymyr Selenskyj krut de Virworf gemaach am Bezuch op d’Militärhëllefen net dankbar gewiescht ze sinn. Weider sot den Donald Trump zu sengem Ukraineschen Homolog, datt hie Millioune Mënscheliewen géif op d’Spill setzen. 

Mam drëtte Weltkrich spillen?

Esou een Eclat gouf et bis elo nach ni. Datt een US-amerikanesche President e President vun engem Land dat ugegraff gouf, virwerft, Mënscheliewen op d’Spill ze setzen. Iwwerdeems hätt d'Ukrain momentan net d'Kaarten an der Hand fir ze spillen, esou den Donald Trump.

Den US-President Donald Trump huet dem Wolodymyr Selenskyj reprochéiert mam drëtte Weltkrich ze spillen. Hien huet dermat gedreet d’Ukrain am Kampf géint Russland am Stach ze loossen, sollt et net zu enger Eenegung mam Kremlchef Wladimir Putin kommen.

De Mineralien-Accord, fir deen de Wolodymyr Selenskyj u sech op Washington gereest ass, gouf net ënnerschriwwen. Den Donald Trump huet nei Gespréicher ausgeschloss, den an de Wolodymyr Selenskyj huet um US-Televisiounssender an engem Interview betount, hie géif d’USA respektéieren, mee hien wäert sech net entschëllegen.

Ënnerstëtzung aus Europa

Vill europäesch Spëtzepolitiker hu sech direkt nom Eclat hannert d‘Ukrain gestallt. Dorënner d‘EU-Kommissiounspresidentin Ursula von der Leyen, grad ewéi den däitsche Kanzler. Den Olaf Scholz sot, datt kee sech de Fridde méi géif wënschen ewéi d'Bierger:innen aus der Ukrain. De franséische

President Emmanuel Macron huet an enger éischter Reaktioun betount, datt et richteg gewiescht wier, virun 3 Joer der Ukrain gehollef ze hunn a Russland sanktionéiert ze hunn. Esou géif ee weider maachen, sou de Macron. Och de Lëtzebuerger Premier Luc Frieden huet op X der Ukrain seng Ënnerstëtzung ausgedréckt.

D’EU-Aussebeoptragten Kaja Kallas huet an deem Eclat am wäissen Haus, d’Zeeche gesinn datt d’Europäer d’Flicht hätten eng Féierungsroll ze iwwerhuelen. D’EU géif d’Ënnerstëtzung fir d’Ukrain nach verstäerken, fir datt si den Aggresseur Russland kéinte bekämpfen.

Dësen Eclat kéint gréisser Auswierkungen op d‘Situatioun an der Ukrain an och op d‘Friddensverhandlungen hunn.

Lauschterenplay_arrow