Solidaritéit mat der Ukrain, dat bleift fir den CSV-Deputéierte Laurent Zeimet, a Vize-President vun der aussepolitescher Chamberkommissioun d’Prioritéit:
"Ech si frou, datt u sech eng ganz Rei vun europäesche Regierungscheffen direkt reagéiert hunn. Och de Premier Luc Frieden huet jo och direkt kloer gemaach, zu wéi enger Säit mir stinn an datt de President Selenskyj op d'Ënnerstëtzung vun Europa weider ziele kann, och an dëser penibeler Situatioun."
Et misst een elo kucke wann d’Gemidder sech nees erhëtzen, datt een dann nees Rou an d’Spill kritt, seet den DP-Europadeputéierte Charles Goerens. Fir hie wier eppes kloer: Ouni d’USA als Partner gëtt et soss schwiereg fir d’Sécherheet ze garantéieren.
"Ouni d'Amerikaner kann ee keng dauerhaft Friddensléisung an der Ukrain kréien. (...) Esou gesinn, sinn diplomatesch Beméiungen an den nächsten Deeg extreem wichteg. Ech hoffen, datt dat hannert zouen Dieren ofleeft."
Kee Partner méi, mee e Géigner?
Fir de President vun der aussepolitescher Chamberkommissioun, den DP-Deputéierte Gusty Graas, ginn et positiv Zeechen aus Groussbritannien.
"D'Europäer musse sech hei elo zesummen dinn, dat och mat Hëllef vu Groussbritannien."
Den LSAP-Deputéierte Yves Cruchten hofft, datt et eng Eenheet gëtt an Europa. Den Donald Trump hat gesot, datt déi Europäesch Unioun gegrënnt gi wier, fir den USA ze schueden. Dat géif heeschen, datt fir hien d'Europäesch Unioun kee Partner méi wier, mee an Zukunft e Géigner, sou nach den Yves Cruchten.
De 6. Mäerz ass ee Spezial-EU-Sommet zur Ukrain, wou iwwert déi aktuell Revirementer an der US-amerikanescher Administratioun wäert diskutéiert ginn.