Radioen

On air

Concert  |  Owesconcert

play_arrow Live
search

/ UNO-Generalsekretär kritiséiert russesch Presidentewal a besate Gebidder

Russesch Presidentiellen

UNO-Generalsekretär kritiséiert russesch Presidentewal a besate Gebidder

De Vott fir en neie President a Russland geet haut a seng zweet Ronn, nach bis muer hunn d‘Wieler Zäit hir Stëmm ofzeginn. Datt de Vott staark manipuléiert ass, dobäi sinn sech d‘ Observateuren eens. Den UNO-Generalsekretär Antonio Guterres huet hënt d‘Ofstëmmunge fir déi russesch Presidentschaftswal an de vëlkerrechtswidreg besate Gebidder an der Ukrain schaarf kritiséiert.

auto_stories

1 min

De Guterres huet drun erënnert, datt de Versuch vun der illegaler Annexioun vun dëse Gebidder no internationalem Recht keng Gültegkeet huet. Eng Kritik, déi och de Lëtzebuerger Ausseminister Xavier Bettel am 100,7-Interview widderholl huet.