Radioen

On air

Mëttesrascht  |  Kit Sebastian - Metropolis

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Ukrain oder Europa solle méi an d'Friddensverhandlungen ageschloss ginn

Macron reest op Washington

Ukrain oder Europa solle méi an d'Friddensverhandlungen ageschloss ginn

De franséische President Emmanuel Macron koum gëschter Owend mat zu Washington mam amerikanesche President Donald Trump zesummen. De Macron war an d’USA gereest, fir Europa an d’Ukrain nees méi staark an d’Friddensverhandlungen anzebannen. No der Reunioun sot de Macron et hätt ee substantiell Fortschrëtter gemaach.

auto_stories

2 min

headphones

2 min

Dem amerikanesche President Donald Trump an de franséische President Emmanuel Macron zu Washington | © picture alliance / Consolidated News Photos | Bonnie Cash - Pool via CNP play_arrow
Dem amerikanesche President Donald Trump an de franséische President Emmanuel Macron zu Washington (Foto: picture alliance / Consolidated News Photos | Bonnie Cash - Pool via CNP)

D’transatlantesch Bezéiunge ginn den Ament op d’Prouf gestallt. Well den Donald Trump just mat Russland an net mat der Ukrain oder Europa iwwert e Friddensdeal fir d’Ukrain verhandelt, huet een sech hei um Kontinent berechtegt Suerge gemaach. 

Wafferou eleng geet net duer 

No der Reunioun gëschter hunn sech de Macron an den Trump awer zefridde gewisen. Den amerikanesche President sot et wier een sech bei de grousse Froen eens. Den Trump strieft eng Wafferou an den nächste Wochen un an dann e Friddensaccord. Europa misst hei eng zentral Roll spillen.

Fir den Emmanuel Macron ass awer kloer, datt eng Wafferou eleng kéng Optioun ass, et bréicht e stabille Fridde mat Sécherheetsgarantien. Dëse Fridde wier awer un d’Souveränitéit vun der Ukrain geknäppt, sou de Macron.

Wäerten europäesch Friddenstruppe vun USA a Russland akzeptéiert ginn? 

Béid Säiten hu bekräftegt, datt een zesummeschaffe wëll fir datt e Fridden sou séier wéi méiglech kann ëmgesat ginn. Mat Bléck op eventuell europäesch Friddenstruppen an der Ukrain sot de Macron, datt hien sech dat virstelle kann, fir datt e Fridde ka respektéiert ginn. 

Dofir bréicht et awer d’Ënnerstëtzung vun den USA. Den Donald Trump sot hie géif europäesch Friddenstruppe begréissen an och de Wladimir Putin hätt seng Bereetschaft signaléiert esou Truppen ze akzeptéieren. Dës oder nächst Woch wëll den Trump den ukrainesche President Wolodymyr Selenskyj treffen, kuerz dono dann och nach de Wladimir Putin.

Lauschterenplay_arrow