Radioen

On air

Concert  |  Owesconcert

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ António Costa invitéiert op ee speziellen EU-Sommet en Vue vun der neier amerikanescher Ukrain-Politik

6. Mäerz

António Costa invitéiert op ee speziellen EU-Sommet en Vue vun der neier amerikanescher Ukrain-Politik

Zënter Deeg stellt d'EU sech d'Fro, wéi si op déi nei amerikanesch Ukrain-Politik reagéiert. Et gëtt nach keng kloer Äntwert. Den EU-Rotspresident berifft elo e spezielle Sommet an.

auto_stories

1 min

Am Hibléck op déi drastesch Ännerung vun der US-Ukrain-Politik invitéiert den EU-Conseil President António Costa d'EU Staats- a Regierungscheffen op eng ongeplangte Reunioun zu Bréissel.

"Mir erliewen een entscheedende Moment fir d'Sécherheet vun der Ukrain an Europa", schreift Costa op X.

De spezielle Sommet soll de 6. Mäerz stattfannen. Hie wëll mat der EU-Kommissiounspresidentin Ursula von der Leyen an alle 27 Memberstaaten zesummeschaffen, fir da bereet ze sinn, Entscheedungen ze huelen. Aus Gespréicher mat den europäesche Staats- a Regierungscheffe gouf kloer, datt d'Erausfuerderunge - wéi d'Stäerkung vun der europäescher Verteidegung oder dem Fridden um Kontinent bäidroen - op EU-Niveau missten iwwerwonne ginn, huet de Costa op X geschriwwen.