Radioen

On air

9 bis 1  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ UN-Sécherheetsrot hëlt Resolutioun iwwer Ukrainkrich un

China, USA a Russland stëmmen dofir

UN-Sécherheetsrot hëlt Resolutioun iwwer Ukrainkrich un

D'Resolutioun, déi vun der Regierung vum US-President Donald Trump abruecht gouf, fuerdert zwar e séiert Enn vum Krich, mee Russland gëtt net als Aggresseur bezeechent, an déi territorial Integritéit vun der Ukrain gëtt net erwäänt.

auto_stories

1 min

UN Sécherheetsrot | © picture alliance/dpa | Michael Kappeler
UN Sécherheetsrot (Foto: picture alliance/dpa | Michael Kappeler)

D'Resolutioun krut mat 10 vu 15 Stëmmen déi néideg Majoritéit. Nieft den USA a Russland huet ënner anerem China dofir gestëmmt. Frankräich a Groussbritannien hätten als permanent UNO-Sécherheetsrot-Memberen d'Resolutioun mat engem Veto kënne blockéieren. Si hu sech um Enn awer enthalen, grad wéi Slowenien, Dänemark a Griichenland - déi aktuell net-permanent europäesch Membere vum UNO Sécherheetsrot.