Philip Crowther (Kiew)
Fir d’Sécherheet vun de Parlamentarier ze garantéiere sinn d’Delegéiert all mat engem Bus op déi verschidden Treffe gefouert ginn an owes dierfe si awer och net méi aus hirem Ënnerdaach raus. Dat well virun allem owes Warnunge wéinst Dronenugrëffer aus Russland bestinn. Dat war dann och den Dënschdeg den Owend de Fall, wéi Russland d’Ukrain mat Dronen ugegraff huet. Déi meescht konnten awer vun der Ukrain ofgewiert ginn, sou den Philip Crowther.
Et wier ee sech net bewosst, wéi no den Ukrain-Krich ass an dowéinst hätt een och d’Tendenz ze vergiessen, datt et och ëm déi eege Sécherheet geet.
Dem Laurent Zeimet no wieren déi europäesch Staaten “guer net gutt opgestallt” fir der Ukrain ze hëllefen, si misste sech dofir drop astellen an Zukunft méi Sue fir hier Verteidegung auszeginn, well ee sech net ka sécher sinn, datt Hëllef vun den USA kënnt.
De Konflikt wier méi no wéi ee mengt, seet de Laurent Zeimet, dofir misst Europa an Zukunft méi enk zesummenhalen.