search

/ UNICEF: 230 Millioune Fraen droe Konsequenze vu Genitalverstümmlung

Mënscherechter

|
headphones

1 min

UNICEF: 230 Millioune Fraen droe Konsequenze vu Genitalverstümmlung

4,5 Millioune Meedercher riskéieren Affer vu Genitalverstümmlung ze ginn. Um Weltdag vun der Nulltoleranz géintiwwer weiblecher Genitalverstümmlung kritiséiert d‘UN-Kannerhëllefswierk des Praxis zesumme wat der Weltgesondheetsorganisatioun.

headphones

1 min

UNICEF Protect Children | © UNICEF / UNI443216
UNICEF Protect Children (Foto: UNICEF / UNI443216)

Dobäi gi jonke Meedercher, déi deels méi jonk wéi fënnef Joer sinn, hir weiblech Geschlechtsorganer deelweis oder ganz wechgeholl.

Dës Agrëffer féiere meeschtens zu liewenslaange gesondheetleche Komplikatiounen.

230 Millioune Fraen a Meedercher liewe weltwäit mat de Konsequenze vu Genitalverstümmlung.

Zënter 1990 gëtt géint déi Praxis opgekläert, duerch Kierzunge vun Hëllefsgelder gëtt de Kampf dogéint awer erschwéiert, esou d‘UNICEF.